Hues dan di richteg entscheedung getraff an dat liicht onscharft kennt hei ganz gut fannen et, dat verstaerkt deen effekt iegendswei bessi an eben mei spooky
Jo effektiv gell ? lo wous det sees ! Zemol den belichtungsenerscheet vum hannergrond an dem fiichten deel geseit een et. Ben, as dat eng miniatur, oder just den Effekt ?
Dann léisen ech mol opp!
Et ass keng maquette, obwohl een daat effektif kéint mengen mat der komescher Beliichtung. Daat war mir nach guer net oppgefall.
Déi beliichten Plaatz an der Mëtt ass entstannen well déi vun engem ziemlech staarken waissen Aussenspot vun engem Haus déi aner Sait riets vun der Baach beliicht gouf. Daat Haus hun ech erausgecroppt. Ech géiff soen d'Objektiv an den Schnéi mat den Reflectiounen hun zu deem "Miniatureffekt" beigedroen. Um Computer hun eigentlech naischt groussartiges verännert.
Hainsdo muss een verreckt Idden hun fier nuets mat voller Ausrüstung duerch héichen Schnéi ze laafen. Déi puer Lait déi ech begéint hun, hun sech bestemmt gefroet opp ech se nach all hätt bei deem Sauwieder an enger kaaler Nuecht Photoen ze maachen.