Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

It's the thrill of the fight

 
All Fotoen an dëser Serie:
11806 Thumbnail
11807 Thumbnail
11808 Thumbnail
11809 Thumbnail
11810 Thumbnail
It's the thrill of the fight
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.12.2010
  • Gekuckt:
    20697
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Originaldatum:
    03.12.2010
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Objektiv:
    Canon 24-70 2.8 & 70-200 2.8
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:
ISO 2500-3200

Fir anzesetzen: [pg_img=51251]
Kommentar vum Fotograf:
En éichte Versuch mengerseits fir d'Ambiance vun deem Sport eriwer ze brengen....

Klicken ,wéi emmer....
suraki 07.12.2010 - 20:35
wow ... et misst nach wéi doen ! sceptical

ok, wann en sech selwer këddelt,
... kann een laache wann e well

d'Série ass technesch gutt, emotional, ... ech sot et schon
kann ech néicht dermadder ufänken, a wäert et ni verstoen.
tscjoki 07.12.2010 - 21:02
Verstin dech do voll a ganz,och wann ech muss soen dass déi "Live"- Ambiance daat Ganzt komplett anescht eriwer brengt.
Mee et wärt och nie eng Sportart gin wou ech eppes kann dermadder ufänken.
Mee daat alles duerch eng Lense ze komentéieren war eng nei Erausfuerderung closed_eye
Metalbambi 07.12.2010 - 21:33
De Moment hues de ëmmer getraff, mee bei den 3 Leschten ass d'Perspektiv ondynamech, do géif sech eng Vue vun hannen laanscht den Äerm oder direkt op d Gesiicht vun engem vun den 2 besser maachen, op allefall wier en méi héigen Standpunkt besser geweecht. Huelen un dats de net an den Ring ran duerfts, also géif ech probéieren ënnert dem Äerm erduerch ze knipsen, mee sou frontal wéi hei hellt d'ganz Dynamik.

Technesch gesinn sinn se richteg propper ginn, géif mer just en bëssen méi Déiften wënschen, sou wierken se en bëssen flaach. smile

Zur Motivatioun vum Kampfsport: D'geet ëm den Kick vum Kampf an dat iwwerleeënt Gefill wanns de gewonne hues. Kampfsportarten sinn déi eenzeg konventionell Sportarten wou déi kierperlech Urinstinkter nach raus kommen, well d'Gehier op direkt kierperlech Gefor schalt, gëtt en enormen Adrenalinschub (geet soss nëmmen mat richtegem Extremsport, an dann nach ouni den Kampfinstinkt). An wans de hei gewënns ass dat DÉI absolut Iwwerleeënheet, ass eppes ganz aneschtes wéi wanns de 'nëmmen' méi séier gelaf bass wéi deen aneren oder soueppes.
En plus kriss de eng ganz aner Method vir ze iwwerleeën an gëss vill méi relaxed am Alldag.
tscjoki 08.12.2010 - 08:06
Mat den Déiften hues de vollkommen Recht,mee et ass net einfach dee richtegen Kompromis aus Rauschfreiheet,Vitesse a Blend ze fannen.
Verschidde Leit hu mer zu 2.8 gerooden ,ech perséinlech hun eng 4-4.5 firgezun fir eng gewessen Déift ze behaalen...quit dass daat op Käschten vun der Verschlosszeit gaang ass...déi leider ganz oft gefehlt huet,wéi och bei déer wou d'Blut spretz closed_eye
Wollt och net ze heich am ISO fueren well ech awer eng gewessen Gréisst a Schärft wollt behalen. Wieren se fir an eng Zeitung gewiecht,da wir ech nach eng Stufe eropgang.
Mee wärt nach e bessen mat den Astellungen spillen wann ech nach emol sollt eng Méiglechkeet kréien esou no derbei ze sin.
Hues Recht,konnt schlecht op de Ring goen,resp. wollt daat och net aus Respekt firun den Zuschauer an och deenen am Ring (a mengem Hiem waat mat gelidden hätt smile)) )
Zodiac 08.12.2010 - 09:03
Dei Méiglechkeet fir nach eng Kéier dobei ze sinn besteet emmer. An no allem wat ech esou matkrut get dei nächsten Kéier och nach mei een Intressanten Kampf, mee mei well ech lo hei net soen. smile
Mee wanns du am weissen Eck op den Ring klemms behenners du eigentlech keen Zuschauer.
Zodiac 07.12.2010 - 21:36
déi sinn Top, ech hoffen du hues der nach e puer vun där Sorte, dann ass den Toni zefridden smile
tscjoki 08.12.2010 - 08:08
Merci Luc
Jo,hun ca 80 Steck iwerech behaalen,denken e wärt zefridden sin closed_eye
Zodiac 08.12.2010 - 09:01
dat sinn der jo nach e puer mei wei bei mär smile
arwa 08.12.2010 - 07:40
TOP - SERIE !!

dei eicht gefällt mir am beschten

dei, wou d'Bludd sou sprétzt, hun daat sou (beswosst) nach nie gesinn !
tscjoki 08.12.2010 - 08:11
Merci Armand,freet mech wann se der gefaalen. smile
Dei eicht ass och mei Favorit closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 468 Gäscht online