Jo déi Drëtt war wirklech onmettelbar ennert der Oberfläch, just ënnert dem Boot wou ech eragesprong sin. Déi aner ware bessi méi déif an do kriss de bei der entspriechender Verschlossszait daat Bloot vum Waaser relativ propper eraus
Ech waur am gangen fotoen ze anneren(also op die kleng biller ze drecken) an op emol as mear seit mat informationen iwwer ClubMember opgangen ;] Also huet mech richteg ungehalen die serie hun mol net gemierkt wat ech klicken
Hu lo eng Adresse op der Isla Guadalupe bei Mexico fonnt. Gesait top aus, 5 Deeg um Boot, daat eenzegt waat mech bis elo zwar nach bessi ofschreckt as de Prais.....
Also ech kennen eng Methode dei ass bessen mei belleg.
Fleih an Südafrika lein der en Paddelboot an dann Richtung Robben Island. An dann mat der Camera an d Waaser se sin anscheinend guer net sou aggressiv.
Voila daat ass mei belleg an sou hun ech mer et fiirgestallt an du bass och dobei an mess d Photo vun deenen 2 an dann soen ech guer neicht mei an man all Keiers en Kneck wann ech iech 2 gesin )
Hahahaha !!!! Locke, du bréngs et mol net feardeg bei engem Longi an d'Waasser ze sprangen ouni 1 Stonn laang mat engem aneren ze knoblen ween als éichte soll sprangen
An da wells du hei mat engem "Great White" fräi schwammen
wei gesoot, de Jojo an ech hänken un eise Gliedmassen an du wars o schnell ennen wei e sech emgedréint huet ;)
mee weis du bis drawars haat e jo säin Snack, do sin de Jojo an ech dann och nokomm ;) an ausserdeem ware mär na emer besser wei dei aaner well mär waren emmerhin dei 3 eischt am Waasser, deenen aaneren war et o net wierklech gehaier :P
Hehe.....mee bon, iwert eis ganz Mittaucher well ech mech jo net weider äusseren ne....
Mee du hues op alle Fall een Virdeel, wann den Hai bis déng Frisur ënner Waasser gesait, da schwëmmt en fräiwëlleg fort bei deem Ubléck...hun do nemlech puer sou Fotoen déi einfach nëmmen eng Tréin weart sin .-D