bei de streetfotoen muss oftmols spontan ofdrécken,wei bei der Juecht sos ass den Hues oder och ëmmer fort, do bleift net ganz vill zéit ze cadréieren, well den Här do war net ganz glécklech wei e gesinn huet dass ech Foto geholl hunn(awer wei ech him se gewisen hunn war frou), do zielt nëmmen Spontanes, sos ass d'Bild futsch, dat get oft op d'Käschten vun Detailer
an domat muss e liewen
merci fir däin Commentaire
Sinn total mat dir d'accord mé ech ginn rosen iwert mech selwer wann eppes net dropp kennt ... Pedantesch ... ne esou ewei den Shanti ... me awer pedantesch ...
ech denke mer dat éischter de Fall ass, wann e gutt zéit huet eng Opnam ze maachen,
an den ënnerläit engem esou e Fehler, dat hänkt ëmmer vum Genre vun de Fotoen of, kuck emol eng Kéier Reportagenopnamen, vu Krich-oder Dokufotoen, do zielt net cadréieren mä den Sujet
Oh dat ass wouer ... Reportage ass Reportage...
Et haengt och vum Objektiv of dén én dropp huet an wei den Apparat angestallt ass.
Ech hunn emmer d'Tendenz mat mengem realtiv Brét ze heuln an dan fresch ze schneiden (Canon 5d mk2 = 21 mio Pixelen ) ouni vill ze verleiren.
de Poly den Schwéngerchersschreck, mé am echt elo,
ech hätt och probéiert, Kultur kucken, erliewen ... dann
awer mat Allem drum und dran .... mat bal Allem