Ech mengen ech muss dech enttäuschen... et ass nach gehezt do, Beliichtung ass original, mee mat e bessen wäissofgläich an tonemapping mei an d'gringt gezunn, wou d'neons tuben natirlech hellefen.
Hei feelt en Bléckfang, sou ass et en einfach iwwerdriwwen faarwegt Eidel. Géif schon hëllefen wanns de se lénks schneids, dann kritt dat ganzt eng Symmetrie wou den Bléck e bëssen stéiert. Probéier nächst Kéier mol en Standpunkt genau an der Mëtt aus, an dann d'Foto evtl. op en Carré croppen.
Ech fannen dat eidelt mecht se grad aus, ech haat se lo iwwert eng woch färdeg um computer trellen a wosst net op se mer lo richteg gefällt oder net, ech sin awer emmer drop zereckgefall, an e bessen drop päsche bliwwen, d'reflektiounen un de Maueren, lenks dei liit weschspueren un der Mauer, eben dei greng luut wou een sech freet wat hannendrunn ass (eng dusch ), dei staark fugen dei hell fensteren. Bon ech fannen hei sin souvill klengegkeeten drop wann een se besse kuckt, dass se mer an teschenzäit emmer besser gefällt.
Thanks fir de comment
Muss een oppassen dat een sech net verrennt, eben just wann een souvill Detailer weisen well, hunn deen Problem des öfteren. Muss ëmmer eng kloer Linn (net wuertwiertlech huelen! ) an der Foto hunn, soss verléiert den Betruechter séier Orientéierung.