Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

ob elo en Fraktal ...

 
ob elo en Fraktal ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.10.2010
  • Gekuckt:
    39605
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    40
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    100 mm
  • ISO:
    125
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
    -1.33333333333 EV
  • Gréisst:
    950x683
  • Späicherplaz:
    314 KB
  • Originaldatum:
    2010:10:18 12:39:48
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark II N
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Planzen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49901]
Kommentar vum Fotograf:
... Mandelbrot, ob eis Juliamengen oder nëmmen en einfache Farn,
ech fannen déi emmer erem kommend Formen flott
Maxx 18.10.2010 - 13:06
Virun allem vun ënnen betruecht. Kennt ganz flott eriwwer, besonnesch am S/W.
suraki 18.10.2010 - 16:34
Maxx vun Uewen en decke merci closed_eye
Nicon07 18.10.2010 - 13:09
Du och? Ech och! Iwwregens war des läscht eng ganz interessant Sendung iwwert Fraktalen, de Mandelbrot an d'Konsequenzen vun där Geometrie/Mathematik op arte, mengen ech. Dat huet mir gudd gefall.
Wéi déng Foto hei iwregens och. Et bleift awer nach d'Fro ob Far "einfach" ass?? smile
suraki 18.10.2010 - 16:45
merci Nico,
leider sinn ech net genuch Mathematiker fir ganz déif an d'Matière ze gesinn,
et ass awer eng immens flott Saach sech mat dem ganzen Chaosthema do,
e bësse méi genau, auserneen ze setzen.
Ech wollt emol op mengem Mac, just wengst de Fraktalen, en Windof drop geheien,
do ginn et nämlech Wahnsinnprogrammer, déi net op OSBasis lafen.

Als Info fir PCuser, méi Stolz huet mer dat awer net erlaabtbigsmilebigsmile
(néé et war net echt, et war e bëssen gestëppelt, mer as d'Plattform net "esou" wichteg closed_eye )




Maimonides 18.10.2010 - 20:53
Zemools di "selwer organiséiert Kritikalitéit" ass faszinant !
Super Foto, Ed, an extrem interessante Kontext.
suraki 18.10.2010 - 22:23
merci Charel smile
Nicon07 18.10.2010 - 21:10
Mengs du ech wier da Mathematiker genuch, fir dat ze verstoen???bigsmile

Ech hun hei Bicher driwwer stoen an deelweis glies dran. Och wann ech net vill verstaanen hun, wat do dra steet, et ass awer duer gaange, fir méng Begeeschterung fir déi Saach ze stëtonguepelen an an der Riicht ze haalen.
suraki 18.10.2010 - 22:23
ech mache jo och Fotoen, a verstinn néicht dervunner *hehe*

flott Biller ouni Mathematiker ze sinn ? smile
TseEll 18.10.2010 - 15:21
Richteg flotten Opbäu ! Gefällt mer, besonnesch am s/w
suraki 18.10.2010 - 16:34
merci och hei Claude smile
__o_ 18.10.2010 - 15:40
scheinen detail.
suraki 18.10.2010 - 16:33
o .... merci smile
KeeBlitz 18.10.2010 - 17:05
gefält mer richteg gutt, am sw an sou douce ofgesat op donklem Hannergrond
suraki 18.10.2010 - 17:53
och hei un dech e merci smile
dr_kim_veis 18.10.2010 - 18:17
alt nees en favorit. smile super schein.
suraki 18.10.2010 - 18:42
merci Dirk, dat freet mech richteg smile
Mochel 18.10.2010 - 18:18
Flott Perspektiv an mat der Deiftenschärft gefällt mer och richteg goud.
Wann se am s/w gelongen
suraki 18.10.2010 - 18:42
an och en decke merci un dech !
Jeanny 18.10.2010 - 19:28
herrlech Edy, eng wonnerbar Schäerft
suraki 18.10.2010 - 19:36
merci Jeanny smile
shingo 18.10.2010 - 20:34
een Farn mol enger Kéier aaners gewisen !
gefällt mir ganz gudd!
suraki 18.10.2010 - 22:19
merci shingo smile
marker 18.10.2010 - 22:17
..excellente Kadrage an Bildtoun..
gesait baal aus ewéi een selenium getounten Print op Agfa Portriga... "...long long time ago..."

..ganz gudd..!!
suraki 18.10.2010 - 22:19
merci Marker,
du hues och nach mam Portriga geschafft ? , ... flott smile
marker 18.10.2010 - 22:27
ah jo, ët gouf deemools naischt besseres, an d'Negativen esou beliicht an entweckelt dat "baal alles" op Gradatioun 2 gepasst huet.. closed_eye
suraki 18.10.2010 - 22:31
ech kucken se nach haut gären, a freien nëmmen doduerch un engem Epson 3880 closed_eye
Nicon07 19.10.2010 - 09:51
Net freien. kaafen! Wanns du op pabeier rulle kanns verzichten, dann kriss du näischt besseres fir dee Präis. Ech hun den 3800 schon zanter 2 Joer a sin nach ëmmer total begeeschtert. An ech printe vill, gaaaanz vill.

smile
suraki 19.10.2010 - 16:25
wahh, dan kann's du mer also nëmme positives driwwer soen ?
ech kommen ëmmer méi no, nee soen mer d'Entscheedung gëtt ëmmer méi einfach closed_eye
marker 20.10.2010 - 18:26
ech kann dem Nico nëmmen zoustëmmen,
also ech hun dee "klenge Bruder" vum 3880, den 2880 "A3plus" weinst dem Pabeier op der Rull, deen mat denen selwechten Faarwen ewéi den 3880 hantéiert, Ultrachrome K3 mat Vivid Magenta, an deen ewei den 3880 ebenfalls enorm gudd an den Tester ofschneid, zemols waat den S/W Drock betrëfft. Ech printen zu 99% S/W, an ech kann just soen... "excellent", zemools op Barytpabeier /- 300g an driwwer
Nicon07 20.10.2010 - 19:42
A wann een de MiragePrint vun dinax huet, da kann een souguer um 3800 43cm X xcm printen, wann een de Pabeier vun der Rull virdrun op d'Mooss schneid an hannen iwwert den Einzelblatteinzug eran hëllt.
http://www.dinax.de/mirage/deutsch/products_versio...
http://www.abload.de/image.php?img=dsc_6002_epqu.j...
marker 20.10.2010 - 20:52
Thx fir d'Info, klengt ganz intressant.
Eng Software also fir kennen iwwert d'Standardlängt vum Pabeier ewech ze printen, also méi grouss ewéi 61cm bei A2plus , wéi bei denger Foto vun Lëltz??
Wéi verhällt et sech dann mat der Qualitéit, wann ech d'Foto richteg aschätzen misst se jo ronn 1m lang sin?
suraki 20.10.2010 - 21:12
merci dir Zwee, elo hunn ech d'Zong esou laang, dat meng Vollformat e bëssen no hanne rëtscht ! Ech wäert iech nach matdeelen, wat an de nächste Wochen geschitt smile smile
Nicon07 20.10.2010 - 22:55
@ marker: de Mirage ass ee super Programm fir Héichqualitéit's Ausdréck mat Epson. Ech hun den Tipp aus der Zeitung "Fineartprinter" kritt, wou se dee Programm firgestallt hun. Do hues du net di Problemer mat dem Color Management wéi am PS oder LR. Et ass also net nëmmen ee Programm fir di technesch Limite vum Epson Driver ze ëmgoen. Ech hun iwwregens nach eng Foto vun engem Panorama. Deen ass net grad 2, 5 Meter laang. Kuck mol hei!
http://www.abload.de/image.php?img=dsc_6003_coth.j...
marker 21.10.2010 - 20:05
Ma dee Pano do gesait ofphotographéiert scho gudd aus, dann kann ech mer virstellen dat en an der Realitéit super ausgesait. Respekt..!!

Ech printen praktesch guer net méi faarweg, wëll dee ganzen "Zingelabumm" closed_eye, weder mat Faarwprofiller vun de Pabeierhiersteller, an en plus de Color Management am Ps op Anhieb keng zefriddenstellend Resultater liwwert, an daat ganzt méi eeng experimentell Geschicht ass ewéi een geplangten Print.

Ech konzentréieren mech haaptsächlech op S/W, an do hun ech excellent Resultater déi praktesch mat enem Baryt-Print aus der Duka kënnen mathalen, an daat aleng mam Color Management vun der Imprimante.

"fine art printer" ass wirkeleg eng Top Zaitschrëft, an et sin och durch Tester aus dëser Zaitschrëft wou mech zum Kaaf vum Epson Printer bewoen hun.

Nach eng Kéier MERCI fir den Tip.


Nicon07 22.10.2010 - 08:21
Gär geschitt! smile
suraki 22.10.2010 - 22:46
an och vu mer e merci ! smile
Nicon07 18.10.2010 - 22:24
Lo gesin ech dat réischt méi bewosst. D'Sporekapselen hei gesin aus wéi Tentakele vun engem Riesekraken mat gaaanz villen Ärm.

Wirklech flot, nach emol widderholl.
suraki 18.10.2010 - 22:29
smile smile thx Nico
Laurent76 19.10.2010 - 09:01
Ganz flott am sw, och dei..."Punkten" do gefalle mir ganz gudd ob der Planz..
suraki 19.10.2010 - 16:26
merci Laurent smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 480 Gäscht online