Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

23Auer20

 
23Auer20
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.10.2010
  • Gekuckt:
    23071
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    2/1 sec
  • Blend:
    f/6.7
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1 EV
  • Gréisst:
    1200x797
  • Späicherplaz:
    226 KB
  • Originaldatum:
    2010:10:13 23:07:19
  • Fotoapparat:
    PENTAX K10D
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
    SMC-FA* 2.8/28-70 AL IF
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=49786]
Kommentar vum Fotograf:
op der Rouder Plaatz

Klick an de Blëck op der Militsia hieren Shiguli lënks virum GUM gëtt méi däitlech...
mischii 13.10.2010 - 23:48
ech hu geklickt
Daum héich fir dést Bild
Jaycee 14.10.2010 - 11:15
Merci Madame Michèle...
gtaddei1 14.10.2010 - 01:41
Ganz gudd foto de nuit. Ech gessin dass de roude staer nach flott an majestuos iwert des fantastesch platz nach schwenkt!
Jaycee 14.10.2010 - 11:18
De roude Stär ass eigentlech é Symbol aus de Sowietzäit, ass awer haut méi als historecht Symbol ze gesin... closed_eye
gtaddei1 14.10.2010 - 12:37
Kenn mir dat gudd virstellen... En Symbol den vill Lait do awer nostalgesch machen op eng Vergangenhét dei , opschons net dei bescht war an verschiden Momenter (cf Stalin) , awer besser war ewei dei vun haut .
dr_kim_veis 14.10.2010 - 04:41
cool, vlaicht e bessen vill viergrond.
Shantideva 14.10.2010 - 05:51
Super! Den éischten Moment hunn ech un d'Kierch zu St. Petersburg geduecht. Awer dann wier et wierklech eng Fro gewiescht wéi's du dës Foto hikritt häss. Do schéngt jo och alles sou flott beliicht ze sinn wéi an der Zarenstaat.
Als Panorama (ënnen e bëssi manner) wier se villäicht (wéi den dr_kim_veis undeit) nach besser.
Jaycee 14.10.2010 - 11:31
D'Routlaatz ass wierklech onproblematesch waat d'Beliichtung owens ugeht... Net esou onproblematesch ass wanns de mat Stativ an enger Optik hantéiers déi e bëssen méi voluminös ass, wéi an dësem Fall daat Pentax FA* 2.8/28-70, daat éen FSB Agent op de Plang geruff huet, dé mer ze verstoen gin huet dass ët verbueden ass mat professionellem Geschiir Fotoen op der Rouder Plaatz ze maachen. A Wierklechkeet war e just un der Brennwäit interesséiert, wéi en endlech matkruut huet dass daat Objektiv just bis 70mm geht, do war alles an der Reih.

@ dr_kim_veis & Shantideva... daat mam VG haat ech mer och iwerluecht, wéinst dem Kanaldeckel (ass zwar näischt berauschendes) an der wäisser Lin um Pavé hun ech dann awer esou si geloos...
Maimonides 14.10.2010 - 20:35
De Kanaldeckel an di wäiss Linn !
Déi hätt ech och, a kengem Fall, geschnidden.
Wat deng Foto awer esou schéin mécht, Jaycee,
ass dat Gewibbels vun de Läit....(2/1 sec).
An den FSB-man ass éischter vum Stativ ugelackelt ginn, wéi vum Objektiv...
Super Foto.
Jaycee 15.10.2010 - 00:01
Merci Charel... leider war den FSB Mann nët berét sech oofliichten ze loossen... closed_eye
Maimonides 16.10.2010 - 15:30
Ech hunn nach eng Minox....
closed_eye
Jaycee 11.11.2010 - 17:00
... oh interessant... daat huet jo zur Standartaustattung an der Berufsspart gehéiert... woraus ech da schléisse muss, dass ech de Ruff hun an du bass (oder wars) ët... closed_eye
Maimonides 11.11.2010 - 20:06
Villäicht kenne mir äis ...incognito
closed_eye
Jaycee 13.11.2010 - 23:18
... nee nee, ech war nie an der Branche täteg, soss hätt ech ët zu eppes bruecht, wéi de Vladmir Valdimirovitch a Co... closed_eye
Maimonides 14.11.2010 - 03:23
Ech war
och
nie
an daer Branche taeteg...
closed_eye
Jeanny 14.10.2010 - 06:53
wonnerbar fotograféiert,
du kenns och vill an der Welt ronderëmsmile
Jaycee 14.10.2010 - 11:33
... daat hält sech a Moossen Jeannyclosed_eye, merci...
rosch 14.10.2010 - 10:49
hun och geklickt, a gesin dass et 23Auer20 ass closed_eye
trotzdem ganz gudd
Jaycee 14.10.2010 - 11:34
ça alors, hu hues natiirlech Recht, muss emol probéieren daat direkt ze änneren... wéi kann é nëmmen esou schuseleg sin...
Houll-art 14.10.2010 - 21:25
Wollt halt soen, hun gescht Foto scho gesinn an och 23:20 gelies, mee hun mol léiwer näischt geschriwen, well ech duecht do ass eppes aanescht nach waat ech iwersin hätt.
Jaycee 14.10.2010 - 23:58
... hätt jo kéinte sin dass déi aal Kremeltuurmauer nogeht...closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 466 Gäscht online