Michel, d'Iddi vun engem Collage bei dësem Sujet fannen ech super.
Däi Resultat géif allerdéngs a méngen Aen wesentléch besser ausgesin, wann's de der bei der Gréisst vun de Fotoen a bei den Oofstänn méi Gedanke gemacht häss an dat mat méi System eriwwerbruecht häss. D'Kleent huet emol en Tutorial doriwwer geschriwwen, dee fënns de hei. Zu dësem Tutorial wäer nach e wesentléchen Deel bäizedroen: du kanns der am PS ganz liicht Hëllefslinnen zéien, an zwar andems de op 'View'--> an dann op 'New Guide' gees an do sees op et 'horizontal' oder 'vertical' ass a genau d'Positioun kanns definéieren...Dat erfuerdert awer, datt's de der virdrun zum Beispill e Croquis méchs an ausrechens, wou genau d'Linne komme mussen; wann d'Linne gezu sin, ass et immens einfach d'Fotoen anzefügen.Du fënns a ménger Galerie 2 Beispiller wou ech dat ëmgesaat hun. Ech hoffen, ech konnt der domadder hëllefen.
P.S.: lo hun ech bei dem Ganze vergiess ze soen, datt do flott Biller derbäi sin, an datt's de super no dru wars. Respekt dofir!