Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Regard d'espoir?

 
Regard d'espoir?
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.10.2010
  • Gekuckt:
    39245
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    225 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    423x662
  • Späicherplaz:
    154 KB
  • Originaldatum:
    2010:10:05 12:45:11
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D DIGITAL
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49532]
Kommentar vum Fotograf:
Des Foto hun ech an Thailand an enger Schoul geholl, déi méng asbl ennerstetzt. Et ass eng Schoul fir Flüchtlingen aus dem Burma, déi wann se géifen zreck an Burma goen, erschoss gin, soubaal se gesin gin.
Déi Leit hun keen Pass, keng Pabeiren, naicht... Hier Situation ass leider zimmlech hoffnungslos well se keen Schrett kennen no vir goen: fir Pabeiren ze kréien muss een Pabeiren hun. An fir déi Pabeiren ze kréien brauch een rem aaner Pabeiren, déi sie natirlech och net hun.
Dir kennt den "Däiwelskrees" vun der Bürokratie.
Dest Meedchen war déi bescht Schülerin an der Schoul et get sech emmer am beschten drun an schafft immens haard (seet den Schoulmeeschter). Leider bidd sech keng grouss Zukunft fir hat un, well een nämlech, wéi gesoot, ouni Pabeiren net wait kennt, och net an eng staatlech Schoul. Him bleiwen also dli meescht Dieren zou.
Trotzdem hoffen ech vu ganzem Haerzen dass op hat net dat selwecht Schicksal waart wéi dat vun séngen Elteren; Nämlech 16-Stonnen Deeg op den Orangen- an Rais-Plantagen ze schaffen. Seng Elteren, wéi all déi aaner Flüchtlingen och kréien nämlech en salaire deen den Groussbesetzer esou bestemmt wei hien sech grad fillt, oder wéi en grad Loscht huet. Wann se eng Kéier 2 Méint naicht kréien, dann kréien se naicht.
"Meckeren" oder eng aaner Schaff sichen sin leider keng Optiounen; et ass dem Groussbesetzer nämlech ganz einfach gemaach se auszelieferen un den thailänneschen Staat, vun deem se dann zréck an Burma geschéckt gin...
An dat ass secher deen leschten Wee deen se wellen goen...

Ech hoffen d'Foto gefällt Ierch.

Hun se elo hei am S/W eropgelueden, an wann der déi faarweg nach eng Kéier wellt gesin dann klickt einfach hei:

Le regard


Ech wier immens frou ze héiren op se Ierch besser am SW oder besser an Faarw gefällt, an och weisou. Hun deen Probleem nämlech emmer dass ech nie wees wei ech se soll eroplueden.
Merci
GarrySchroeder 05.10.2010 - 17:55
Schein , natirlech Foto smile
Buddha 05.10.2010 - 18:06
Villmols merci!
TseEll 05.10.2010 - 19:23
Irgendwéi hun ech mer "espoir" ëmmer ânescht virgestalt ...; nodeems ech Deng Erläuterung geliës hun, verstin ech dëse Bléck nach vill besser ; en deet wéih fir esou en europäesche Wuehlstandsbierger ...
Wéi eng Asbl ass daat ?
Zur Fot : ech mengen, déi s/w-Versioun dréckt d'Dramatik vun der Situatioun nach besser aus
Buddha 06.10.2010 - 10:29
jo hun och fonnt dass SW nach mei dramatesch, respektiv bedréckend, traureg oder ergraifend ass.
D'asbl heescht Responsibility NOW, hun dei virun eppes méi wéi engem Joer mat e puer Koleegen gegrennt, an mir beschäftegen eis greisstendeels mat educatioun an Entwecklungslänner. Et leeft ganz gudd bis elo an mer gin lues an lues mei grouss, an eis projet'en mei zuelraich smile
Weisou frees de?
Buddha 06.10.2010 - 10:31
an villmols Merci fir den FAV!"smile
Poly 05.10.2010 - 19:52
ech fannen esou e Sujet ëmmer besser am sw wei faarweg, esou wierkt se vill besser
Buddha 06.10.2010 - 10:27
jo dat haat ech mer geduecht Poly, du hues jo eng ganz Usammlung vun wonnerbaren SW Fotoen smile
Poly 06.10.2010 - 23:04
merci smile
Gaga 05.10.2010 - 23:17
jo, fannen se och besser duerch den sch/w den de bleck besser fànkt !
ganz flott esou !
Buddha 06.10.2010 - 10:26
Ok villmols Merci fir dain Root.
saskiaschmitt 27.01.2011 - 19:39
Daat do geet ennert Haut, et gesäit een dem Meedchen seng Aan a verléiert sech dran
Mir perséinlech gefällt di Sw besser, d'Aan stiechen méi eraus an et gett een net oofgelenkt wi heinsdo bei faawege Fotoen closed_eye

ganz ganz flott Foto

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 520 Gäscht online