Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

*

 
*
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.09.2010
  • Gekuckt:
    33984
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/320 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.333333333333 EV
  • Gréisst:
    1000x526
  • Späicherplaz:
    310 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 40D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    EF70-200/2.8 L IS II
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49168]
Kommentar vum Fotograf:
ouni Titel, wëll mer keen afällt.

De moien, géint 7h30
gtaddei1 22.09.2010 - 20:17
Eng gliddesch atmosphaer awer ganz agreable
Nicon07 22.09.2010 - 21:29
Et kéint baal an der afrikanescher Savanne ofgeholl gi sin, nedu?
gtaddei1 22.09.2010 - 21:36
Ech hunn dat als eischt gemengt mé ... 7h30 haut de mojen ... kenn dat nemmen d'Ländchen sinn ... an d'Bém ... nu je dat ass eischter Metteleuropaisch Savanne ... mé awer agreable
Nicon07 22.09.2010 - 21:38
Mir hun och Savannen hei a Lëtzebuerg...
gtaddei1 22.09.2010 - 21:41
no deser Foto glewen ech dir ...
galileo 22.09.2010 - 21:41
smile
Jeanny 22.09.2010 - 20:20
eng wonnerbar Stëmmung
Poly 22.09.2010 - 20:31
och ouni titel eng stëmmungsvoll foto
Nicon07 22.09.2010 - 20:33
"Die Wüste lebt" oder sou, well dat gesäit bal aus, wéi ee Sandstuerm... closed_eye

Komesch, bei mir op der Héicht waren d'Farwen awer aanescht haut de Moien. Dofir hat ech kee Fotoapparat mat op den Tour... unhappy
suraki 22.09.2010 - 20:59
hun och elo direkt un e Sandstuerm geduecht smile
galileo 22.09.2010 - 21:44
Op der Héicht bei dir ass jo och nët am Osten - an du wees jo: im Osten geht die Sonne auf,....bigsmile - duerfir sin bei mir d'Faarwen anescht tongue
Nicon07 22.09.2010 - 21:45
Im Westen nichts Neues! Lach! Ech hun awer immert den Zenter an den Oste gekuckt, vu ménger westlécher Héicht, an do war et uëwe blo an ënne gro! tongue
galileo 22.09.2010 - 21:49
bigsmile

Ech hun elo mol mäin Archiv duerchwullt.

Hei am Osten war et baal op den Dag genee zimlech t'selwecht, mam Niwwel a mat der Faarw ! Cool.

lueurs dévoilées


Fesch 22.09.2010 - 20:49
Déi Hecke riets arennere mech dach awer e bessi un en deckt Déier wat sech do duerch den Niwwel schläicht, oder?
Maimonides 22.09.2010 - 21:27
...an deen aarme Bam wëllt friessen...
grimmel 22.09.2010 - 21:18
schéin an heemlech atmosphär.
jo, demoien war et esou
Maimonides 22.09.2010 - 21:28
Genau esou, Grimmel:
"schéin an heemlech Atmosphär".
grimmel 22.09.2010 - 21:30
gell
Nicon07 22.09.2010 - 21:31
Oder : schéin onheemléch Atmosphär... smile
grimmel 22.09.2010 - 21:33
hmm..nee, net esou closed_eye
Nicon07 22.09.2010 - 21:37
closed_eye smile

Déi ass jo och nëmmen heemléch onheemléch, well a Wirkléchkeet ass se onheemléch heemléch, di Atmosphär... smile

Sou, lo sin där Wuertspillereie genuch...
galileo 22.09.2010 - 21:41
ooohhhhh....
Do mecht een kuerz mol eppes anescht, an dann esou eng Diskussioun smile

Merci un Iech all !

Ech hun hei ausser déi üblech Tounwertkorrekturen näischt un de Faarwen verännert - et war effektiv fir e puer Minutten esou, wéi d'Sonn bis iwwert dem Niwwel eraus war de moien.

D'Atmosphär ass jo och op der Foto ganz heemlech...a Wirklechkeet rauschen ouni Ennerbriechung Autoen op 50 Meter vu mengem *Fotopunkt" hei laanscht.
Ech hun et trotzdem genoss - de stressege Berufsverkéier einfach fir 20 Minutten fueren gelooss a puer flott Momenter probéiert festzehaalen.
grimmel 22.09.2010 - 21:47
ech hat de moien am stau och puer esou onheelech heemlech ausblécker - mee keen fotoapprat dobai.
galileo 22.09.2010 - 21:50
smile - ech hu mech an de Stau gestallt nodeems ech e puer Fotoen gemach haat bigsmile
Laurent76 23.09.2010 - 07:57
Super Luut, super Farwen an herrelch Stemmung esou mam Niwwel!
Einfach nemmen gutt!
galileo 23.09.2010 - 19:02
Villmols Merci och hei !
ChLo 23.09.2010 - 08:03
Flott Photo. Wéinst de Faarwen, kéint een menge, dat wär iergendwou an Afrika.
TomEwert 23.09.2010 - 10:03
wor och meng éischter idée.
genial faarwen.
galileo 23.09.2010 - 19:02
Merci un Iech 2.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
3 Benotzer an 559 Gäscht online