Galaktesch Foto! Déi huet nawell méi wi ee Stär verdingt. Super! (Dierf ech froen, wéivill "Filmer" datts du verbëzt hues, bis datt des Foto an der Këscht war....??
Alt erem ee Beweis, dofir, datt Digitalfotografie méi bëlleg get....
Ech ka méch eënneren, datt ech eemol, wéi ech nach mat der F70 an dem 90mm Macro vun Tamron a mat Fuji Reala fotograféiert hun, probéiert hun, d'Aktioun vun engem Krunn, dee gedrëst huet, festze haalen. Deemols hat ech och 3 mol 36-37 Fotoe verknipst, déi, nodeems ech, schlau wéi ech nun mol ebe war, direkt op Pabeier entwéckele gelooss hun, duerno zu 100% am "ronnen Dossier" klasséiert hun....