Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Canard à la vapeur

 
Canard à la vapeur
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.09.2010
  • Gekuckt:
    27619
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    51 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x707
  • Späicherplaz:
    346 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 450
  • Programm:
  • Objektiv:
    Sigma 18-200 DC OS
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=49053]
Kommentar vum Fotograf:
Gëschter moien ( ... fréih) zu Réimech op der Esplanade

Ech wëll och all Mënsch MERCI soen, dee mech am Fouerconcours ënnerstëtzt huet! Ech hu mech immens iwwer mäi Resultat gefreet !
Jean-Jos 19.09.2010 - 13:21
Schéine s/w! Stëmmungsvoll a rouég. Mécht durech d'Spiggelung méi aus. Ech hun dat gäeren!
TseEll 21.09.2010 - 06:54
Ech sin och e Fan vun deene Spiggelungen ...
Merci Jean-Paul
Poly 19.09.2010 - 13:45
schei roueg ausgeglache Foto, get d'Stëmmung vu mueres frei richteg gutt erëm
TseEll 21.09.2010 - 06:54
Merci Poly, daat freet mech !
mischii 19.09.2010 - 13:46
eng flott Niwwelstëmmung Claude, lo kënnt erëm di Zäit wou et sech rentéiert fréi opzestoen
TseEll 21.09.2010 - 06:54
Merci Michèle !
Keup 19.09.2010 - 14:12
Saugudd. Ech wunnen just niewendrun an kommen nie op.
TseEll 21.09.2010 - 06:53
Kee Problem Keup , ech kommen déi nächst Kéier schellen ... a bréngen e Croissant matt ... closed_eye
Keup 21.09.2010 - 09:38
Loos gudd laang schellen dann klappt et. Haalen den Nutella alt prett closed_eye
grimmel 19.09.2010 - 16:28
einfach schéin !
eng asiatech stëmmung closed_eye
TseEll 21.09.2010 - 06:52
Merci Grimmel !
Maxx 19.09.2010 - 16:32
Super déi doten, genial Stëmmung, et huet sech effektiv gelount opzestoen!
An Congrats fir d'Fouer-Foto beim Concours, war eng vun mengen Top-3 closed_eye
TseEll 21.09.2010 - 06:52
Et ass och bestëmmt net fir d'läscht dass ech fréih opgestâne sin fir Biller ze mâchen ...
Merci och fir Congrats zu mengem Fouerbild
endorphine 19.09.2010 - 17:05
wei scheeeeein
TseEll 21.09.2010 - 06:49
Merci Endorphine !
Maimonides 19.09.2010 - 17:06
Exzellent, TseEll.
A baim Kucken
denks de op eemol drun
eng Jackett unzedoen.
closed_eye
TseEll 21.09.2010 - 06:49
Ech hat virgesuergt !!! Jackett Schâl !!! ... an daat war gudd !
Jeanny 19.09.2010 - 17:14
eng herrlech Foto Claude, eng wonnerbar Stemmung
TseEll 21.09.2010 - 06:48
Merci Jeanny !
ChLo 19.09.2010 - 17:21
Schéin romantesch Photo. Do waars du awer fréi eraus.
TseEll 21.09.2010 - 06:48
Effektiv! Normalerweis stin ech just esou fréih op, wann ech muss schaffe goen ... closed_eye
He-Lx 19.09.2010 - 20:34
All Respekt, Claude. Excellent!!!
LG Henri
TseEll 21.09.2010 - 06:47
Ech hat déi richteg Inspiratioun ... closed_eye
alex 20.09.2010 - 10:44
Flott agefaang Claude
TseEll 21.09.2010 - 06:46
Merci Alex
McQueen 29.11.2010 - 17:57
Ui, déi haat ech net gesin unhappy
Schéin Foto Claude, ass dir gudd gelongen.
TseEll 16.12.2010 - 17:40
Merci Steve ! Irgendwann wärte mär jo och d'Geléenheet kréien, eng Kéier zesumme Biller machen ze goen ...
McQueen 16.12.2010 - 22:07
jo gären, villäicht den 15. ???

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 497 Gäscht online