Weess du, datt ëmmer wan ee géint de Stroum geschwommen ass an der Vergaangenheet, hien am Ufank als Häretiker an Naschtbeschmotzer duergestallt gin ass vum Commun des mortels oder de sougenannten Experten, mais no enger gewësser Zäit huet en séch awer a ville Fäll kënnen duerchsetzen an ass imitéiert gin, bis datt dat zum Mainstream gin ass. An da koum neess dat näxt. Hautzudaags ass dat bal onméigléch eppes ganz Neies ze maachen, well een inédit get et jo quasi an der Konscht net méi, zanter ee Koup Botter an engem Eck vun engem Zëmmer oder eng Toile mat wäiss a blanc cassé geschaafe gi sin, an dach ass et, wéi's du sees, ëmmer neess interessant, wann een eppes probéiert, wat géint den allgemeng unerkanntene Kanon geet. Awer och do muss een d'Sprei vum Weess trennen, an du gehéiers definitiv net zur Sprei, och wann de Weess net ëmmer ganz zeideg ass. Mais wie ka scho vu séch behaapten, hie géif alles gudd an ouni Feeler maachen?
An dach: des Foto ass wirklech gudd, zum groußen Deel, well do net nëmmen de Schwan drop ofgebild ass, mais och di Int am Hannergrond, déi am gaang ass fortzefléien. Am Fong ass et eng Foto mat e lauter Kontraster: Wäiss/schwarz (dat fällt als éischt op); grouss/kleng; scharf/onscharf/ Stagnatioun/ Bewegung (woubäi ganz interessant ass, datt d'Bewegungsofleef am Bild géigesätzléch sin an de Stëllstand no rechts an d'Liesrichtung weist, iwwerdeems d'Fluchtbewegung no lénks a Liesrichtung an d'Vergaangenheet féiert). An durch d'Rumm, déi sou engk und déi zwee ornithologesch Sujeten rukënnt, erweisen séch di 2 Optiounen als Saackgaas, als Prisong. Et ass bal, wéi wann s du eis wéils ze verstoe gin, datt d'Liewen ee Carcan ass, egal. wat ee mécht, ob ee resignéiert, oder mam Kapp durch d'Mauer wëllt. Mais lo gin ech vläicht e besse wäit an der Interpretatioun...
och Nico, lo hunn ech eng Séit geschriwwen, an alles ass erëm fort,
vive un dat automatescht ausloggen
elo dann nach emol an Kuerzfaassung.
Alleng déi Kommentar an d'Analyse Nico (déi ech elo schonns dräi Mol gelies hunn) hei ënnert deem Bild erëmzefannen, doduerch war et iwwerhaapt derwäert et eropzelueden. Wär meng Foto nëmmen zum Deel esou gutt ewéi deng Umierkung, giff ech mer se un d'Mauer hänken
Nico, ech maachen elo eng Demande un den Johny, fir dat hien eis Useren Méiglechkeet gëtt, fir Kommentare ënnert eise Biller däerfen an kennen ze bewären.
Dat mam automateschen Ausloggen ass mir och alt schon zum Verhängnis gin. Mais do get et een einfachen trick, deen s du jo och weess. Copy vum Text maachen virum verschécken. Wann en da verschwënd, da mécht een eben "op de Kommentar äntwerten" frësch op an et paste een dee gecopyten Text dran a fort mam Jabel....