Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lynn & Serge

 
All Fotoen an dëser Serie:
9771 Thumbnail
9772 Thumbnail
9773 Thumbnail
Lynn & Serge
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.09.2010
  • Gekuckt:
    35112
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=48767]
Kommentar vum Fotograf:
Ech sin e puer mol schon gefroot gin vu Kollegen fir hier Hochzäit ze knipsen an hun emmer dankend ofgelehnt well ech mech ganz einfach net getraut hun. Beim Lynn a Serge hun ech mech dann trotzdem iwwerwonnen an ech muss agestoen, et war den ustregendsten Cadeau deen ech bis elo engem gema hun.
Alko 09.09.2010 - 11:00
Fenken mer mol mat der eichter un: Dei gefällt mer leider net sou gudd well den Serge do sou eng ooflehnend haltung huet fier mech mol), an den ausgefriessenen Himmel steiert mech och. Des weideren fannen ech bai deenen drai fotoen den weichzeichner steirend. Froen mech op deen effeckt net duerch eng mei offen blend besser gewiescht wier (weieng blend hueste benotzt?). Dei zweet foto, wei och bai der eichter an dretter, fannen ech koppel ze vill zentreiert, haett een aaneren bildausschnett gewielt. Bai der dretter gefàllt mer laachen vum Lynn ganz gudd, haett dei just am heichf. gemaach.
krautheim 09.09.2010 - 12:26
Merci fir d´Kritik,
Et war zimmlech schwiereg mat de Posen, well zumols de Serge net méi motivéiert war (des Fotoen sin um Schluss entstanen vun der Fotosession). Ech sin absolut kee Fan vun Blur-Filter, mee d´Koppel huet nodeems ech hinnen e puer verschidden Verarbeschtungen gewissen hun, gemengt dat giff hinne gudd gefalen. Héischformat war op deser Platz net Méiglech wéinst dem Glänner vun der Bréck. Insgesamt as mir opgefall dat ech net genuch Héichformat Fotoen gema hun. Dat mam Himmel kann ech nach ausbesseren; dat war mir mol net esou opgefall.
Keup 09.09.2010 - 11:27
Hochzeiten ass emmer eng haart Noss an mengen Aan. Ech man et nie mei well ech selwer nie domat zefridden war. Deng sin menger Meenung no en gudd Steck besser gin. Sin just keen Fan vum diffus-Filter mee bon bei sou Fotoen ass meng Meenung daess et hinnen muss gefaalen.

Kuck mol heen hei ass mega staark an mecht nemmen Hochzeitphotoen: http://cliffmautner.typepad.com/my_weblog/
krautheim 09.09.2010 - 12:27
Merci,
-Äntwert beim Alko-
JADE 10.09.2010 - 00:33
aha ... an nach een link fir meng schon rieseg Sammlung smile
Merci
Keup 10.09.2010 - 09:31
closed_eye
Laurent76 09.09.2010 - 11:35
Ech gesin daat ähnlech wei den Alko...., den Weichzeichner ass hei och guer net mein Fall, eng oppen Blend mat enger scheiner Onschärft hannert der Koppel ass do schon eischter menges....

Koppel steet mir och ob allen 3 Fotoen ze zentral, den Heichformat wär an dessem fall bei allen 3 besser komm....

Bei 1 an 3 ass den Himmel ausgebrannt.....

Mee bon, meckeren ass wei emmer einfach, selwer maachen dogeingt manner closed_eye
Ech hoffen mir verstin eis...! bigsmile
krautheim 09.09.2010 - 12:27
Merci,
-Äntwert beim Alko-
arwa 09.09.2010 - 13:21
ëch wées och, virwaat ëch keng mei fotografeieren - nie mei !!!

feine Kado hues du hinnen hei gemach
sie wärten sëch driwwer fréeën, do sin ëch mir sëcher !
krautheim 09.09.2010 - 14:20
ech wees et och elo closed_eye
En Album wollt ech och nach machen, dat as och net esou evident
JADE 10.09.2010 - 00:32
do hun ech eng gutt Idee ...
haat eng Kéier een matt Frëndinnen fir eng Frëndin gemach, matt den Fotoen déi mir niewenlaanscht gemach hun (= onoofhängeg vum eigentlechen Fotograf an just als Frëndinnen déi och Fotoen vun der Hochzäit wollten hun)

an hatt wor wuel ganz erstaunt an erfreet ... well esou wéi mir en gemach daat gouf ët deemols nët ... smile ... elo gesäit een daer der alt méi dorueter

am beschten wier ët 2 Fotografen ze hun smile
ech sin och esou enttäuscht gewiecht vun mengen, dass ech se emol nët an een Album gesaat hun an och nie méi gekuckt hun
marker 09.09.2010 - 14:21
...idem Arwa, ...a wann et der Koppel gefällt.... alors...

.... 1 an 3 ass den Himmel ausgebrannt..?? ech wees net waat sech am Himmel z'identifizéieren géiw, ..au contraire, blo Himmelspartien gingen menger Meenung no richteg stéieren an déi douce Faarwen erschloen. Deen wichtegsten hellsten Deel ass de Rack an do ass genug Zeechnung dran..

flotten Cadeau..!!
krautheim 09.09.2010 - 15:21
Merci Marker;
ech wees och net wierklech wat mam Himmel soll sin, dee war halt esou. Dat eenzegt wat as dat ech ka kucken as, méi Zeechnung an d' Bblieder ze kréien déi uewen an der Mett sin.
xda 09.09.2010 - 14:33
An mengem 1. Nikon Buch stung zum Thema Hochzeitsfotoen ... Et soll een sech daat gut iwwerleen, well do kennen Frendschaften drun zebriechen smile
Dofir feelt mit och den Mutt, well wann eng Foto vum mir naicht gin ass reegen ech mecht kuerz op an dann ass et gudd, Hochzeitsfotoen dei naischt gin, sin da schon vill mei tragesch ... Fannen dei hei awer ganz an der Rei smile.
An mai Respekt hues de och dass du dech do run gewoot hues ...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 583 Gäscht online