Den Standpunkt ass och hei net ganz glecklech, ech hät mech bei Clôture gestallt an dann den Big Ben mei vun ennen erop fotographeiert, fir Greißt besser ze weisen. (an net ungeschnidden ) Deen Moment wären Verkeiherluuten an Clôture och fort.
Ech hät och mei no rieds gezunn, daat wirkt mir mei interesssant wei daat Gebei lenks...
jo, haat mech um lutenpoto orienteiert, hei as versioun nr 2.
hun eng foto vun ennen erop bei der cloture, mee daat as hei net haapthema well foto jo o net "big ben" heescht
hun foto net mei no riets gezun, well ech den briteschen fändel wollt am 2/3 quader hun (vun lenks aus gesin am 1/3)
Waat nenns te Quader? Den gellene Schnatt? Fir deen Ziel awer net eng enzel Linn dei 2/3 - 1/3 leit mee een ganzt Motiv sollt sech do am 2/3 rieds oder lenks an an 2/3 uewen oder ennen befannen. Mee ob deem heiten Bild ass daat net meiglech. oder waat verstees du sos ennert Quader?
kuck wou sech den briteschen fändel befennt. wanns du uewen an ennen vun der stang een horizontalen strech riwwerzits bis bei den big bang, dann hues du den quader.
Ausserdeem ass mier zevill onnëtzen Schnickschnack drop (hallef Stroosseluchten, halleft Gelänner ronderem, hallef Gebäi'er, ...) an daat Wesentlecht - waat's de jo wahrscheinlech fotografeieren wollst - nämlech den Big Ben ... deem hues de uewen d'Spëtzt ofgesäbelt ... hmmm ...
nep, daat weesentlecht waren di 2 symboler vun london (london eye an westminster, woubei den big ben zu dem leschten just dobeigeheiert) an den himmel därf een o net vergiessen.