Sou dat hei ass lo dei lescht Serie vum Tractor Pulling. Dest Joer ass jo leider keen... mee ech hoffen, dass mer awer nächst Joer erem an den Genoss dovun kommen :-)
Ass eigentlech schued fir deng Fotoen, dass dest Joer keen ass, du hues amfong déi néideg Iddien fir eng gudd Foto vum Tractor Pulling, mee hei feelt et nach bessen un der technescher Ausféierung.
Mierken daat selwer, wann ech op deem selwechten Sportsévénement zB all Joers knipsen, waaten do awer Ennerscheeder Joer fir Joer kommen, well een seng Kamera jo effektiv besser kenne léiert
Do hues du vollkommen Recht, et leiert een seng Kamera ëmmer besser kennen. (mee mëttlerweil hunn ech eng nei, an och Mark gewiesselt ) mee et huet jo net nëmmen mam kenneléieren vun der Kamera ze dinn, mee am allgemengen, mat der Erfahrung. Déi 4 Serien vum Tractor Pulling hei sinn aus mengem Ufanksstadium an der Fotographie, wou ech nach bal keng Ahnung hat. Ech muss leider zou ginn dass ech mech déi Zäit vill op mäin Apparat verlooss hunn, dass den dat schon richteg mech. Ech hat den Sportprogramm, an hun Fotoen och just am JPEG gemaach.
Ech well och lo net behaapten dass ech lo Profiphtoen maachen, mee hunn mech mengen ech awer schon een gutt Stéck verbessert
(p.s. ech sinn am gaangen, meng Galerie nei erop ze lueden, an dës Kéier méi chronologesch wei ech se gemaach hunn. virdrun war se esou quer durch den Garten gaang, wei ech eben grad Loscht hat se eropzelueden )
Ah mee daat ass scho gudd, dass dir daat selwer opgefall ass dofir ass et och motivant heiansdo a senger Photogen-Gallerie ze meschten, well een awer ee Fortschrett gesäit