Méi Stad ze weisen hätt menger Meenung no wéineg Sënn well souwisou alles schwaarz ass. Ech fannen et scho gutt sou. Hätt se just manner grouss ropgelueden. Déi Gréisst bréngt am Fong näischt.
Ech wollt se och net op 800px roplueden, och wann ech vill Fotoen mat der gréisst roplueden. Bei sou Fotoen sin ech awer heiansdo enttäuscht wann se "nemmen" 800px hun, ech well heiansdo mol méi Detail kuken, dofir hun ech hei den Maximum geholl.
Do ginn ech der Recht, 800px wier ze kleng gewiescht Mee ech "beschwéieren" mech ëmmer wann eng Foto (an der Breet) méi Grouss ass wéi mäin Ecran Mier wieren 1400px also déck duergaang, virun allem wann keng wichteg Detailer an der Foto sinn déi ee muss am Grousse kucken. Bei denger Nuetsfoto vum Kierchbierg z.B. ass d'Gréisst gutt well eben vill Detailer ze kucke sinn.
Bei mir ass dat nach eng aner Saach... Ech hu baal 2000px Breet op mengem Ecran. Mee ech gin der Recht, em di 1200px wiren duer gangen fir hei alles ze weisen wat ze weisen ass.
Mega, also ech fannen d'Opdeelung gudd. Mei stadt wier ennen mei schwaartz oder suguer luuten dei ee misst wegstempelen, an sou huet ee mei vun deem verdreemten himmel.
Schein.
Ech gin der eng bewärtung, well ech gesinn hei get rem een nemmen 2, an dat wärt erem deen Kommentarlosen bewärtungsdäiwel sin