Flott Photo ... virun allem weinst den Foarwen an der Perspektiv. Waat Kompo unbelaangt gin ech dem Laurent recht ... dann wier och mei Platz an dei Richtung wou den Hond hinkuckt
ech soen merci fir d'Kommentarer , hun effektiv emmer den Drang fir mäin Motiv an d'Mett vun der Foto ze huelen.
Bon ech sin keen Profi, maachen just fotoen fir mech (just for fun) An dass mäin Muppi op der Foto esou brav setzen bliewen ass an een nach Drepsen vum Daah op den Grashalmer nierwend him gesäit, war ech begeeschter vun menger Foto déi ech do gehol hun. Nierwenddrun war just héicht Graas, den Muppi sutz mattendran
Hun mech jo geschter eréischt héi ugemellt, an fannen et immens léiw dass ech esou empfangen gin an direkt Ureegungen kréien. Merci nach eng Kéier
Jo effektiv mäin Mupp huet do een Ausdrock deen ass genial, esou selbstsecher, esou ech sin den Star einfach genial, muss soen et ass och een genialen Mupp, géif en net méih hier gin
Waat d'Fuerwen unbelaangt déi fannen ech och genial, fir d'Fuerwen dofir fannen ech SONY jo esou immens, do sin d'Fuerwen einfach lierweg.
Einfach flott