Ech géif soen den Problem bleift. D'Luucht vun der Säit frësst d'Säit vum Gesiicht aus. Du hues nach den Baart deen d'Kontur undeit, mä ouni deen géif den Bak einfach mam Hannergrond verschmëlzen. Op der lénker Säit gesäit et grad gutt aus.
Ech mengen deen hei lossen ech awer mol sou. Ech probéieren zwar och nach wi et ass wann ech d'Haaptliicht eng halef bis eng Blend erofsetzen, mee usech war mein Ziel dass et lenks ausfresst, ech wosst just nach net wivill.
Okay, 't ass och schonn eng gutt Foto. Experimentéier nach weider rondrëm, et kann een nëmmen draus léieren. Probéier mol wat geschitt wann s de den Key vum Gesiicht ewech dréins amplaz en riicht drop ze dréinen.
Mir gefällt Foto ganz gudd! An vill besser wei dei aaner...
Mir gefällt den Kontrast mat deem hellen Hannergrond, vun der rietser Seit am Gesicht an Liischt fleicht wieklech eng grimmel zevill. Mee steiert mech awer net, well den eichten Bleck lenkt direkt ob Aan
ech gin dem gloda an sengem commentar recht. mir perséinlech kennt et vir wéi wann d'photo einfach zevill nogeschaerft gin ass... kann awer och eng affaire de goût sin.
Du hues recht, si ass ee gudd Steck nogeschärft, mee nach net -vill-, eben souvill wi ech di meescht vun mengen Fotoen noschärfen. An deem Senn: jo, affaire de goût.
Dir hudd recht dass d'Foto di eng Seit ausgefriess ass, mee et war sou gewollt wi gesot. Mee vue dass ech souvill Feedback dozou kruut, man ech mer nach Gedanken wivill ech an Zukunft soll Iwerbeliichten, resp ob et iwerhaapt noutwendeg ass.
Mee awer: Villmols Merci fir dein Kommentar!
Also mier perseinlech gefellt mer d foto ganz gutt! Menger Meenung no passt alles, den brongen Tshirt zu den aan faarw an d'expressioun vum gesiicht zu der beliichtung vum hannergrond! Well wann den hannergrond eng aana beliichtung haet dann wier d foto guer net su gutt eraus komm
Meng Meenung, mee voila wei den TomEwert seet, AFFAIRE DE GOUT!