Fannen se net sou super... fannen et iergentwei net sou gudd wei se dra gucken... passt net... et solllt mei melodramesch wierken... fannen o dat se bessi ze hell sin... zum hannergrond muss ech soen top... wierklech schein. Geif mer o bessa gefaalen wann daat eischt eng donkel jacket unhätt... Hätt den Prabellie missen blo sin? Vum cadrage ass et awa wieklech flott... erennert een un NY
Hey Lex!
Also ech fannen d'Foto gudd, an den Prabelli ass bloo, well dem cynthia seng boom keen aneren hat an bei dem wierder kuckt een eben net imens spectaculär dran
fannen d'iddi gudd, mee dat eicht wat mir opgefall ass, war dat et ausgesäit wei wann si sech zimmlech missten zesummendtecken fir ennert de prabbeli ze kommen. denke mer dass dat net deen ausdrock ass, wei en geduecht war. geif soen dass d'foto mat engem grousse prabbeli vill besser géif wierken (vläit dann och kee bloen?)
Also Lex... do kanns de dem Cynthia senger Boom merci soen, ech fannen nähmlech dass dee bloe Prabbeli mat deenen orangen Téin vum Hannergrond gut harmonéiert! Wat mer net esou gefällt as dass déi zwee e bessen ze hell belicht sin, an kucken wéi wann een vun riets wou de Bletz as eng Foto géif maan... hätt besser gewierkt wann se a Bewegung gewiecht wieren! Mä soss eng schéi Foto!
Ganz gutt Foto. Has du rem ee Charly dobäi oder wéi plzéiers du emmer de Blëtz???
Interessant sin bei dëser Foto d'Farwen an d'Ambiance. D'hektit vum Stadverkéier am Hannergronn, den Bleck vun de Medecher am Virdergronn. D'Fro op déi lo "gutt drakucken" oder net, fannen ech hei net ubruecht. Si wierken onbedeelegt an dat as wichteg.
Wéi kennt een drop sou en Foto ze machen, dat as déi Fro, déi all Fotograf sech hei stellen sollt!