Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Pan-O-Rama...

 
Pan-O-Rama...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.07.2010
  • Gekuckt:
    21486
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1050x457
  • Späicherplaz:
    253 KB
  • Originaldatum:
    09/09
  • Fotoapparat:
    KMZ Horizon 202
  • Programm:
    waat ass daat?
  • Objektiv:
    Zenitar MC f2.8/28mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:
Rollei Retro 100
Iwer 15 Joer aale Rodinal (1:50)
Minolta Autometer IV

Fir anzesetzen: [pg_img=47621]
Kommentar vum Fotograf:
... mat VeloHen...

Wé klickt gesäit méi
Jeanny 29.07.2010 - 21:24
a kee feeltsmile
eng herrlech Idee, a Foto
an SW passt
Maimonides 29.07.2010 - 21:44
Wei geif d JADE (vilaicht...) soen:
"hues du rem dei KGB Material ausgepaakt"?
An awer, wei emmer:
eng ganz interessant Foto, Jaycee.
JADE 29.07.2010 - 22:13
nee, nee ... ët ass elo FSB! smile ... an ech soen nix méi dozou, well vun haut uns brauchen sie emol keng Beweiser méi fir mech/ons ze huelen ...
also psssscccchhhhhtttt ... motus et bouche cousue! unhappy

wou stin déi vel'oHen! dann do esou schéin an enger Reih ... wéi beim FSB ... zut ... psssssscccchhhttttt bigsmile
Jaycee 29.07.2010 - 22:33
Jade, ech gin zou dass du besonnesch gefährdet bass, Leit déi ze vill é labbert Mondwierk hun, huet de Vladimir Vladimirovitch nët esou gär an dofiir huet hiën sech bei sengem fréieren Kolleg George dubbiyou inspiréiert, a sengem FBI, d.h. FSB extended power gin, natiirlech nëmmen fiir d'Terroristen besser ze bekämpfen... closed_eye

Déi FSB Velhoen sti virun der Lubiyanka... né also sériö elo, daat ass beim Mereler Park...
JADE 29.07.2010 - 22:39
ech soen och gueeeeeeer näischt méi dozou!smile

hah! dann haat ech ët awer erëmerkannt obwuel ech schon ganz lang nët méi an daer Géigend war ... ech hun näemlech am LMRL "studéiert" ... deemols ... virun langer Zäit smile ...
an daat ass mir bekannt virkomm, déi Allée an déi Beem an déi Haiser
Jaycee 29.07.2010 - 23:06
... fiirwaat schreiws de "studéiert" tëschent " "? Hues de méschtens geschwänzt? closed_eye
JADE 29.07.2010 - 23:11
ech, nie!! ... allez, villäicht 2 Mol am Ganzen
nee, déi " " sin do well een eréicht op der Uni studéiert, an am Lycée ass een jo "nëmmen" Schüler smile
Jaycee 29.07.2010 - 23:13
rischtisch esou wéi d'Proffen am Lycée "nëmmen" Studienräte sin... closed_eye
JADE 29.07.2010 - 23:16
ah?! ... smile
Jaycee 29.07.2010 - 22:25
Thanks Charles... op der Horizon steht "made in Russia", nët "made in USSR", dofiir kann éen se (ausnahmsweis) nët mam KGB associéieren... closed_eye
Maimonides 29.07.2010 - 22:36
D JADE weess nawell gutt bescheet,
mais brauch den FSB net ze faerten,
well dee koemmert sech net
em d Ausland.
closed_eye
JADE 29.07.2010 - 22:39
ben ... ech läuschteren och den Radio (niewt Handy an SMS'en schécken) wann ech duerch d'Géigend flitzen smile unhappy
Jaycee 29.07.2010 - 23:11
... mat engem cherryroude Fltzer... smile ... euhh also wann ech daat elo richteg verstaanen hun, schéchks de och Handien an SMS'en währends de duerch d'Géigeng flits oder flitz... closed_eye

P.S. lo ass de Juli schon eriwer a ma waren nach nët an der pâtisserie O... unhappy
JADE 29.07.2010 - 23:15
jo, ech muss vun all Moment profitéieren ... mee ech machen ët ëmmer manner, well hun nach wëlles e puer Joer ze liewen

ech soot jo, sie lossen mech do nët eran ...
nee, am September oder Oktober ... closed_eye


ech wor gëschter am Glacis Wengé (fir ze testen)... Enttäuschung waat d'macarons ungeet ... haart wéi Steng! unhappy
Jaycee 29.07.2010 - 23:33
... würg, haart macarons, wou ech sou empfindlech Zenn hun...;

also bon dann am September, Oktober... iërgendwou wou se dech eraloossen... closed_eye
Maimonides 30.07.2010 - 21:39
An der Teschentzait, Jaycee,
keint d JADE mol eng Foto
waisen, "bis September, Oktober..."
2010, ...11, ...12, ...
closed_eye
Jaycee 30.07.2010 - 22:43
indeed... eng Foto vum Jade, daat wär emol ëtonguepes aanescht... z.B. vu senger Aarbeschtsplaatz, do gin ët bestëmmt interessant Motiver, mais ech mengen ët huet einfach keng Zäit... muss esouguer iwert dem fueren SMS'en verschëcken, telefonéieren asw asf, do bleiwt einfach keng Zäit fiir ze fotograféieren... closed_eye
Maimonides 30.07.2010 - 21:40
Honnertkommasiewen ?
Jaycee 30.07.2010 - 22:44
... déi schëcke mir all Mount é Programm, den ëch nie liësen...
JADE 31.07.2010 - 01:27
euuuuh, nee DNR, awer einfach well deen angestallt war wou ech den Auto kaaf hun ... smile ...
an an Frankräich schallt ët op NRJ ëm bigsmile
Maimonides 01.08.2010 - 00:11
ooookee.....,an
an der Belscht ?
closed_eye
JADE 01.08.2010 - 01:02
eh bien, och NRJ ... komesch, gell
Maimonides 01.08.2010 - 01:10
Mat "Energy" geet Villes...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 480 Gäscht online