Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Aan

 
Aan
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.03.2006
  • Gekuckt:
    33134
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x682
  • Späicherplaz:
    698 KB
  • Originaldatum:
    14.03.2006
  • Fotoapparat:
    NIKON D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
Extras:
D'Irina
2 Multiblitz Spoten (mär ass de Wues an den Hoer baal geschmolt sou eng Hetzt maachen déi... aarmt meedechen :)
Stativ
RAW
Lex-Curve

Fir anzesetzen: [pg_img=4749]
Kommentar vum Fotograf:
Ass et lo käng extra Foto... fannen et just flott fir all déi Detailer mol engkéier sou no ze gesin! Fläit ass jo nach ee ménger meenung :)
muss just drop klicksen dat se a voller gréisst opgeet.
Sircharles 25.03.2006 - 17:06
Fannen se un sech flott ,all dei hel Fuarwen , sie passen och gudd beieen , MEE closed_eye , den Reflex am Aan as e bessen ze greuss !
yoshi 25.03.2006 - 17:18
Wann den Reflex an der Poupille wier, wier et wahrscheinlech net sou schlemm, mee hei stéiert en d'Muster vun der Iris. Faarwleg awa ganz flott. Eventuell rosa Schmink e bessi zefill, spr´ngt baal méi an d'Aen wéi d'Aen. höhöhö Wuertspill closed_eye
Mojoo 25.03.2006 - 17:34
Ooh freck wat ass daat een Muster am Aan !! Wi schein smile
Lilia 25.03.2006 - 17:44
ech fannen se schein smile an dei rosa schmink ass mer och lo reicht opgefall wei ech de kommentar fum yoshi gelies hun smile
mmphotos 25.03.2006 - 18:13
Am geigensaatz zu deenen aaneren gaefaellt mier daat rosat an dei extrem hell haut hei net sou gudd. Fannen dat se ze hell an ze onscharf as...oder nee net ze onscharf mee komesch onscharf wei wanns de bessen gaussian blur dropgemeet haess...mee awer net wirklech schein. Fannen du hues schon vill mei scheiner gemeetclosed_eye
klex 26.03.2006 - 14:50
Iwwer Blend 16 wollt ech net goen, an wuar baal schon um maximum mam erugoen, do bleiwt net vill déifeschärft... nix gaussian blur!
Schéin ass se net onbedingt, soot ech jo closed_eye
mmphotos 26.03.2006 - 14:50
D'meedchen huet awer schein aanclosed_eye
knudel 25.03.2006 - 18:43
mir gefällt se deck gudd, et sin deck schein faarwen....an en deckt scheint aan! smile
faragerri 25.03.2006 - 20:57
D'Foto ass wierklech schein schuarf, och wann ech der schon dausenden esouergesinn hun. Waat mech en bessen steiert ass, datt d'Haut sou blass wierkt, iergendwei ze rosa.
mi-ma-maika 25.03.2006 - 22:47
hätt och e lidschatten geholl dee méi kontrast mecht zur haut...sou get et ausserhalb vun der iris éischter zimmlech monoton...
klex 26.03.2006 - 14:51
Haat extra dee rosaen geholl, well dee gudd mam gréngen aan kontrastéiert (komplementär), mee gesäit fläit wiirklech besse krank äus smile
mi-ma-maika 26.03.2006 - 15:42
daat haat ech mer och well trotz konstbanausegkeet geduecht dass de et op d komplementarfarw oofgesinn haas, mee et mecht di ganz saach ze hell...(mauve oder gro harmonéiert do besser mat der aanfaarw...)
Mano 25.03.2006 - 22:55
wonnerscheint aen smile an foto gefellt mer och deck gudd, daat muster ass einfach wow smile
klex 26.03.2006 - 14:51
Messi all smile
yoshi 22.04.2006 - 01:04
hun d'foto lo na eng keier gekuckt mam mac an do fannen ech d'schmink net mei iwwerdriwen, mee waat pupille ugeet bleiwt meenung smile
klex 22.04.2006 - 02:13
Siehsde mol smile
yoshi 22.04.2006 - 02:15
smile tut mech sorry, nuje.... meng eenzeg angscht ass, dass ech lo fotoen bearbechten, dei herno op engem pc net gudd ausgesin obschon se beim mac perfekt sin... nuje haaptsaach se sin an realiteit gudd tongue Gess de schon gudd eenz mam mac?
klex 23.04.2006 - 11:59
Wann däi Mac kalibréiert ass an de pc dierft theoretesch keen ennerscheed do sin.
Jo, gin emma besser eenz smile Zumools den Adobe Lightroom huet mer e ugedoen closed_eye do fällt et schwéier rem pc wellen ze benotzen... an du?
yoshi 23.04.2006 - 16:10
Jo, also mecht wierklech Spass mat em ze schaffen, en ass sou cooperativ closed_eye Bei mir ass awa en groussen Ennerscheed tescht Mac an PC mee bon hun och en relativ aalen Bildchierm beim PC. Awer en ass kalibréiert!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 499 Gäscht online