Ob deen do e Fotograf ass, dat weess du net,
well deen huet just eng Knips am Grapp.
Deen deen hannen drun gaang ass,
dat ass e Fotograf.
Mais dee gesäis du net.
Ech hun eng fro : wei ass d`Gesetz iwwert Stroossenfotografie an Kroatien?
Däerf ech do Fotoen vun Leit op effentlechen Plaatzen machen ?
Merci am viraus
Fier Europa gellen iwwerall dei selwescht Gesetzer waat Fotografie ugeet (mat liichten Ofwandelungen) - daat wat 's de muss kennen ass daat Gesetz iwwert "Das Recht am eigenen Bild" !
Et ass zwar op e puer Plaatzen en Knätschgummi-Gesetz, mee bon, am grousse ganzen ass et trotzdem zimmlech eendeiteg waat 's de därfs an solls, waat 's de net därfs an net solls, ...
déi fro do hat ech eng kéier bei RTL, dir huet Recht gestallt, déi gesot hunn dat et erlaabt ass Persounen opzehuelen esou laang si net fuerderen dat en dat Bild erëm op der respektiver Plaz lescht wou se public gemaach gouf, also Knätschgummiparagraphe oder am beschten froen domat get en al Problemer aus de Wee, domat sinn ech nach ëmmer ma beschten gefuer
ech kennen éen (an Deitschland) déen hat gefrot
um Endeffekt huet hien weinst enger Foto vun engem Jong op enger Kluntsch, wou neicht -annormales- dru war an d'Mamm him mëndlëch d'Permissioun fir se op senger Homepage ze weisen, ginn hat, missen 5.800 Euro Strof bezuelen. daat no ronn 2 Joer Verhandlungen um Geriicht.
as awer en net alltägleche Fall !
D.h. froën géet eigentlëch nët duer, du misst ët schrëftlëch hun (wa mer lo ganz genée wëlle sin !)
Secher därfs du Fotoen maan, du därfs se awer net publizeieren, verschécken oder iergendwou weisen - aaaauusser du hues dei betreffend Leit virdrun fier hieren OK gefroot, an hinnen och explizit erklärt dass dei Fotoen publizeiert keinten gin.
Ausnahm : wann die Leit just "Beiwierk" zu enger (Doku-)Foto sin (z.B. Public Viewing vun der WM)
Mechst de allerdengs beim Public Viewing en Portrait vun enger Persoun, brauchs de erem en OK
ech hatt bis elo (och a Kroatien) ni ee Problem Leit zu Fotograféieren, meeschtens geet ee Blickkontakt duer, et mierkt een dann direkt ob si d'Accord sinn. Eng aner Saach ass awer eng Verëffentlechung do misst een am fond geholl all kéiers eng schrëftlech Autorisatioun froen, Mais wenn mécht dat schon?