Witzeg Foto. Dat nennt een, zum richtegen Zäitpunkt, ob der richteger Plaz, dat richtegt gesinn...
Et wier awer villäicht nach méi flott gewiescht, wann s dë Blend méi zougemaach häss. Bei Makro an 100mm ass mat 2.8 halt net vill Déiftenschärft ze kréien. Et wier awer villäicht besser gewiescht wann d'Aen vum Waasserleefer souwéi den Réck vum Keefer och am Schärftenplang geleeën hätten. Spillraum mam ISO häss de jo eigentlech nach gehat...
merci fir déi Kommentar. Ech wees dat d'Foto net perfekt ass, me si ass enner schwierigen Emstenn gemach gin. Ech hat kee Stativ, luch om Bauch um Bord vum Weiher, de Fotoapparat iwwert de Bord gehaal...., si frouh dat ech dat iwerhapt sou hikrut. De Flou huet de Käfer wierklech an't Mett vum Weiher gedréckt an et huet misse seir goen.
Jo, ech wees wi schwéier et ass am Makroberaich. Ech leien selwer oft mam Bauch um Buedem oder ob de Knéien den Uewerkierper an onméiglech Positiounen verdréit... Makrofotografie ass am Fong Sport!!!
Ech wollt och elo net groussarteg kritiséiren, mee just en Tipp ginn fir déi nächsten Kéier villaicht...