jo Jeanny, dass jons zimlech stresseg, mä muss e profitéieren esou laang et get, si frou dat fotoen dir gefalen kommen der nach no mä sinn der esou vill, dat ass och Stress,
elo get et emol méi gemittlech mam Mupp an der Madame an d'Vakanz, mä net ouni laptop an Fotosapparat
Do hues de Recht,profiteiert Poly . Fotografeieren ass mei einfach, wei se hannernoo all ze verschaffen, sinn och am gaang eng Houchzait ze verschaffen, hat 800 Fotoe gemaat an duerno geet et eng Woch an de Schwarzwald, ouni Laptop awer mat Fotoapparat )))
ech hat de Problem bei esou leit si se froen well ech därmoossen niddergeschloen war wei ech si gesinn hunn, de Fra lenks zb ass blann an d'Gesiicht verstallt, an ech huelen un dat déi aner och deck Problemer hunn, wei e gesäit war et jons zimlech schockéierent mat der blechenener Beenprotheese riets, an se net wollt se vill als "Touristefoto" ausnotzen
Ech hunn dat gesinn ...
Mir sinn , ech allzäiten, een Passionéierten Amateur Fotograf... an mir verstinn bei esou Situatiounen (esou ewéi ech den Erbiewen vun L'Aquila fotograféiert hunn) wat Professioun Reporteren matmaachen ... et sinn der vill hënnert hinnen dei sech ëmbréngen well sie ... voll an d'Szen erakucken ... an dat beim Fotograféieren... én bestemmten Moment sinn sie iwwerwältegt vun Negativen Gefiller... an oft ass et én Scholdgefill ... eben well sie mengen sie géifen den Léd festhalen an ausnotzen.
De Faite dat déi mëschten Leit mech kannt hunn ... hunn se mech fotografeiren geloos... bei dir ass et eppes aneschters... mé ... hueste wirklech d'Gefill dat dess TouistenFotoen sinn ... oder wollste ganz einfach dei Bille dénen weisen déi net mi bewosst sinn wat fir eng chance se hunn Geografesch op enger anr Platz op d'Welt komm ze sinn? Ech mengen , ech hätt nach mei schlëmm reagéiert ... oder och nett .. wés nett... villeicht knallhart d'Message Foto gesicht déi am meeschten geschockt hätt... dat dei dei D'Foto kucken grad esou Wei kréien ewéi ech hätt kéinten leiden .
Den Argument Fotogaf an Aassgeier kéint én nach laang diskutéieren
weess net ganz genee waat's de domat mengs, ech wollt mat "Touristefotoen" soen dat et leit ginn déi entweder esou Biller einfach ignoréieren an laanscht ginn, oder sech dohinstellen an emol graff gesot sech nach matfotograféieren loossen, ech perséinlech hunn däi Foto gemaach well se mech schockéiert huet, an dat et, net nëmmen schei Saachen se gesi ginn, mä och pur Realitéit spriech Misère an esou Länner
Genau dat... mä wat ech och nach wollt soen ass dat mir fotograféieren sollen wat mir spieren ... an probéieren och d'Gefill dén mir spieren an der Foto mat eran ze setzen ... dann ass kee Moraleschen Fehler gemeet ginn ... dat ass alles mä net einfach ... zemol wann mir den observeur keng Freihét loossen wëllen fir eppes aneschtes ze spiren wat mir och spiren ... dén dén d'Foto kuckt soll wirklech nemmen dat spiren (beim kucken natirlesch) wat de Fotograf wellt dat hien spiren soll ... de Fotograf ass deen deen d'Gefill léd an der Subjektiviteit absolut keng Freihét leisst
Genau dat... och d'Gefiller missléden...
D'realiteit aanesters Gestalten durch croppen ... dat ass eng eiwesch Diskussioun ... D'Croppen kenn jo decontextualiseieren ... an eng Foto dynamiseiren mé an eng aaner Interpretatiouns Rischtung...
Jo an hai keint én jo e puer Fotoen dorausser maachen