Déi Fotoe kéinten och modern Molerei sinn. Ech fannen se super, besonnesch och, wéi d'Blimche seet, mat däer breder Rumm.
An nach eppes: Island verbënd een éischter mat Keelt, du awer hues et fäerdegbruecht, ons déi waarm Faarwen dervun ze weisen. Eng gutt Iddi!!
en décke merci fir de Fav
Island ass jo d'Land vun Ice and Fire
Bei all dëse Biller ass de Buedem ganz déck waarm, an et huet gedempt a gestonk
nr5 ass de Bord vun engem Geysir, do huet d'Waaser 80 Grad
ech fannen d'fotoen alleguer gutt, well och ongewinnten perspektiv, ech kann mëch just guer nët matt denen rummen ufrënnen, hei wier vlait manner besser gewiercht, me gutt dat soll déi fotografësch leeschtung awer lo op ke fall schmäleren
merci Xaph, sin och nët sou fir grouss Rummen, hei huet se mer awer gefall, an ech hun d'Biller och mat sou engem groussen passe-partout cadréire geloos,