merci gaga, d'Foto ass ënner anerem mam photomizer verschafft ginn, de mer Foto op de Gréisst gesat huet wat de reelle Pixel entsprécht,
an duerfir dat schwaarzt ronderëm wat am Fong geholl keng rumm ass, dat war mer och net opgefall bis se gelueden war
Dat heiten ass meng perséinlech Meenung, huel et net béis op, et as e gutt Beispill ewéi een en immens flott Bild duerch ze vill Beaarbechtung kann futti maachen. Dat doten Bild mam Original , (jo ech hunn et net gesinn) iwerlarert, an de layer 50% zeréckgeholl ... dann häss de en Wahnsinnsbild !
merci fir däin comment si frou iwwer all Meenung, ech mengen dat ass jo de sënn vum pg, net nëmmen positiv Bewäertungen ze maachen,
zur Foto selwer, am Original ass ze faarweg, weis de gesäis mat f5 opgeholl, ass ze zimlech "flaach" an ouni Kontrast, de Fouss ënnen ass onschaarf, duerch de kleng Blend, hu weis de sees zimlech vill drugeschrauft Kontraster dran ze kréien, mä du hues jons net onrecht, probéieren se nach eng kéier méi "gemessecht" ze verschaffen