Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Insekten

 
All Fotoen an dëser Serie:
7242 Thumbnail
7243 Thumbnail
7244 Thumbnail
7245 Thumbnail
7246 Thumbnail
Insekten
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.06.2010
  • Gekuckt:
    23685
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
    geschter
  • Fotoapparat:
    NiKON D700
  • Objektiv:
    105mm f/2.8 Micro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=46046]
Kommentar vum Fotograf:
Comments ?
faolan 05.06.2010 - 14:40
eng flott Série! Déi Foto mat der Feuerwanze gefällt mer am Beschten.
david 05.06.2010 - 16:19
Ass dat di 3t ?
Ech sin net sou an der Bio bewandert, mee dat wat ech bei Biller fir Feierwanz fonnt hun entsprecht kengem vun denen do wirklech...

Merci awer fir den Comment smile
faolan 05.06.2010 - 17:38
Ma ech hu mech geiert. Et ass d'Streifenwanze, ass jo nët ze iwersinn closed_eye Et gin 400 Zorten Wanzen an elo wees ech och erem eppes méi!
david 05.06.2010 - 17:52
ok gudd smile
Jeanny 05.06.2010 - 17:51
Eng wonnerbar Serie David
4 a 5 gefaale mir am beschten
david 05.06.2010 - 17:53
Thx smile
Charel_L 05.06.2010 - 22:22
Super. Dei 2. fannen ech am beschten.
david 05.06.2010 - 22:25
Merci Charel smile
Ech wees na net wéieng mer am beschten gefällt... dofir hun ech eng Serie gema.
gtaddei1 06.06.2010 - 09:07
Nummer 4 ass fotografesch dei bescht an nummer 2 ass dei mir am beschten gefällt ... et ass wierklech schued dass Schäerft net esou richteg stemmt ... mé d'Fotomuss jo ké Macro Concours wannen
david 06.06.2010 - 09:21
Jo et ass wouer dass et nach problemer mat der Schärft gin. Do muss ech wuel na bessi üben fir dee richtegen Punkt ze fannen fir scharf ze stellen, an gleichzeiteg di richteg Blend dass genuch schaarf ass.
Nach weider Experimenter werten folgen.

Merci fir dein Comment!
gtaddei1 06.06.2010 - 09:46
Dan luet deng Exifen op dat mir dir soen kennen wat mir dofunen halen
david 06.06.2010 - 09:52
Alles mat 105mm Macro gema... VR un, aus der Hand.

1. Foto: 1/640s f/5.6 ISO200
2. Foto: 1/250s f/10 ISO200
3. Foto: 1/200s f/16 ISO200
4. Foto: 1/320s f/16 ISO800
5. Foto: 1/320s f/16 ISO800

Geseit bessi no enger Evolutioun aus ?!

EDIT: ouni Bletz..., dofir awer zimmlech prall Sonn géinter Metteg.
gtaddei1 06.06.2010 - 09:57
Daat schengt mir jo alles an der Rai ze sinn ,
... Spot Focus? et misst én am Spot focuseieren ,
Wann én en trétongueied huet dann kannste och 2 verschidden Fotoen maachen mat 2 verschidden manuell focussen. dei 2 fotoen zesummenblenden dann hueste Schäerft iwer den ganzen deier
david 06.06.2010 - 10:00
Jojo, noféiherenden AF op engem Punkt, mengen heescht enner Canon Ai-Servo, bei Nikon C.
gtaddei1 06.06.2010 - 10:02
Ai servo né ... neischt domaden ze dinn
et ass AF op engem punkt alleng, wannste AI mechst dann wiesselt dén soubaal du em 1 mm bewégst...
david 06.06.2010 - 10:04
Ah nee... dat war et net. AF op engem Punkt jo! Ech hun dat emmer un op engem Punkt.
Mee dat anert waat ech gemengt hat ass dass den Focus den ganzen Zeit nei focusséiert op dem Punkt wann sech den Objet bewegt, net dass en just eemol scharf stellt, an dann nix méi mecht bis een ganz dreckt.
gtaddei1 06.06.2010 - 10:09
Exact... et muss én é moment fannen wou se sech nett bewegen... Bewegen se sech dann muss du mei schnell sinn ... 1/200 ass vill ze luess ... An der Digitaler Welt , fir d'Schaerfft ze assureieren muss én doubel esou schnell sinn ewei an der Analger Welt. Iso erop an Blend e bessi erof .. dann klappt daat och am Ai
david 06.06.2010 - 10:14
Jo dat mat der 1/200s hun ech och sur-place gemirkt, dofir sin ech dann lues a lues erop gangen, souwuel mat der Blend wi och mam Shutter (d'Fotoen sin chronologesch).
Ech probéieren dann an Zukunft mol mat nach mi schnellem Shutter. Merci fir den Tip smile
Mat der analoger Welt hun ech net vill Erfahrung... Mee mat der Digitaler hun ech zumindest vum techneschen Standpunkt hir ganz schnell ganz vill Fortschretter gema, dat leit mer.
david 06.06.2010 - 10:02
Jo dat hun ech scho mol gesin, awer an desem spezifeschen Fall huet dat mengenech net vill wert gehaat, di Déieren bewegen sech jo, an et war bessi Wand...
Ech probéieren dat firdéicht mol am Studio, an wann ech et do bis beherrschen kann een et och dobaussen probéieren bei Sachen di net liewen, dono probéieren ech dann weider.
Thx dass du mech dorun erennert hues, ech probéieren dat dann och mol.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 317 Gäscht online