fix a ferdëg an der Kamera aus 3 Biller zesummegestöpselt... eng interessant Funktioun fiir den occasional user, déi éen och nach (mat Moossen) steiere kann.
Wonnerbar! Huet deng Kamera dann keng Funktioun déi "Overcook" heescht. Daat ass haut méi an Moud wéi True-Tone HDR. *ironie*. Virun allem déi an der Haal ass wonnerbar gin. Mat wéi engem Apparat hues du déi dann gemeet.
Overcook, kéke sé? Ech hu bis elo ëmmer geduecht daat wär wanns dë an der Kichen alles verbratschs...
Den Apparillo as eng Pentax (waat soss ) K-7. Së huet eng Funktioun fiir d'Dynamic Range zë ajustéieren, an den Highlights an an dë Schiëter op 4 Niveauen... Ass daat däin "Overcook"?
Nee, Overcooked HDR/DRI sin déi typesch HDR'en déi een bei Ufänger geseit. Se sin zevill stark am Tonemapping an hun dann extrem Haloen an déi hell Platzen sin heinsdo méi donkel wéi d'Schieter (tone-reversals). An oft sin se och iwersaturéiert an surreal. Daat nennt een een "Overcooked"-HDR. Hei ass fir mech richteg sauber Aarbescht déi den Fotoapparat do mecht, also keen Verbratschtenen DRI.
errr hmmm also ech soutz gëschter op der Leitung, hätt mer kënnten denken wéi daat man overcooked gemengt war, d'autant plus wous dë och nach *ironie* geschriwen hues... ech kann der do nëmme Recht gin, hun hei och schons Saache gesin déi einfach zum Buuschten ausrappe waren...
Ah Madame Jade, Burger King (war mer emol nët opgefalll), daat ka jo nëmmen bei eisen teutonëschen Noopere sin, well gemäss der Madame Ola hierer Definitioun é Burger éen Teuton ass...
Wanns de gutt kucks, da gesäis dë riëts an der Fënster vun der Haal (a Spiggelschrëft) Köln-Bonn stoen, womat dann deng Fro beäntwert wär...