Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Momo ... 1991 - 2010 ...

 
Momo ... 1991 - 2010 ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.05.2010
  • Gekuckt:
    20040
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/250 s
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    23 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    548x775
  • Späicherplaz:
    227 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 450
  • Programm:
  • Objektiv:
    canon EF-S 18-55 IS
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=45458]
Kommentar vum Fotograf:
Et goung alles ganz schnell de läschte Sonndeg um 7.45 Auer tëschent Fréiseng an Uespelt ... ganz schell ...
Momo ... 1991 - 9/05/2010 ...
Jeanny 17.05.2010 - 07:09
Si geschter och laanscht gefuer Claude, wei traureg.
Kanner solle ni virun der Mamm stirwen,
JADE 17.05.2010 - 08:20
daat ass daat schlemmst waat et gett ...
Mochel 19.05.2010 - 19:23
passt net heihinner fannen ech perseinlech
JADE 20.05.2010 - 17:00
kanns du dann och soen firwaat dass du daat fenns?
daat géing mech naemlech och perséinlech interesséieren, an och waat heihinner (ech huelen un PG) passt an waat net

mbG
TseEll 20.05.2010 - 17:59
Mäi Papp war zënter sengem 40 Liëwensjoer handicapéiert durch en onverschollt Autosaccident, 1981 ass eng Jugendfrëndin matt 16 Joer als Bäifuehrerin liëweg an engem Autosaccident verbrannt, de Momo war Bäifuehrer , de Chauffeur ass liicht blesséiert , haut de Mëtteg huet erem esou e Rëndvéih tëschent dem Schlammstee an der Entrée vu Fréiseng iwwerholl wou ee näischt, awer och glad näischt gesäit ... muer steet et matt Biller an der Zeitung ... an dann soll een esou Foto'en net dierfen weisen ... ? Grad jonke Leit ?! Ech wees , dass d'Realitéit net onbedingt schéin ass, mee ech wollt se weisen ... vläicht gin e Leit , déi doropshin e bësschen méi lues fuehren , fir hieren Frënn an Familjen esou Szenen ze erspueren ... vläicht ... et kann ee jo ëmmer hoffen !
Näischt fir ongudd
MbG
Mochel 21.05.2010 - 04:00
@ TsELL an Jade:

Ech deelen är Meenung dozou an sen och 100% ärer Meenung. Hun och schons deen een oder aneren Kolleg esou verluer, respektiv schon eng jet schlemm Akzidenter mat aliewt ( net an engem Auto derbei, mee beruflech ). Ech verstin deng Argumentation virwaats de dei Foto hei weisen wells, ech glewen ewer net dat daat eppes brengt.

Meng Argumentation virwaat net weisen:
Och wann daat en Fransous wor ( Momo ), waer ech als Familienmember net grad frou wann een des Foto geif publizeieren oder weisen. Daat as nämlech daat nämlecht wei wann eng Kompagne gestart get an et geif een en akzidenteierten Auto weisen wou eng Persoun em Liewen komm as ( d.h: ouni dei Leit gefroot ze hun ). Dei Leit dei dei Persoun kannt hun gin emmer rem dorunner arennert a sen villaicht net grad frou. Esou as daat och heizou. Dovir fannen ech deng Foto ( Sujet ) perseinlech net goud heizeweisen.

An mengen Aan trefft des Foto och op Regel Nr.3 vun PG:

- Wanns du eng Foto vun enger Persoun erop lueds, dann muss dës Persoun ganz kloer domat averstane sinn, dass déi Foto verëffentlecht gëtt. Am Fall wou déi Persoun nach mannerjärech ass, muss den Accord vun den Elteren ginn sinn, dass d'Verëffentlechung vun der Foto an der Rei ass;

Dei Persoun liewt zwar net mei mee, Familienmemberen ( also Accord vun engem Familienmember )


Mir resp. deenen meschten as et zwar egal esou laang een dei Persoun net kennt, mei dei Leit dei dei Persoun kannt hun wahrscheinlech net.


Zur Foto ( cadrage a.s.w ) hun ech keng Kritiken. Wei gesoot et waer eng goud Foto vir eng Kampagne ze starten, mee net vir op PG ze setzen och wann hei vill jonker op PG sen.

Well keen heimadder ugreifen as just meng perseinlech Meenung.
Mfg
TseEll 26.05.2010 - 21:17
Hues Du schon emol de Keller vun der Gemeng zu Vichten fotograféiert ? Kenns Du och dëse Site http://www.police.public.lu/actualites/bulletin_presse/2010/05/20100509/index.html ?
Mär ënnerhâlen eis eng Kéier weider bei engem Patt ... ech mengen, mär kennen eis ...
Bis demnächst

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 462 Gäscht online