Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schiessentümpel

 
Schiessentümpel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.03.2006
  • Gekuckt:
    21217
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    4/1
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x539
  • Späicherplaz:
    172 KB
  • Originaldatum:
    2006:03:11 17:12:45
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» Natur  
Extras:
Statief an de Rescht

Fir anzesetzen: [pg_img=4461]
Kommentar vum Fotograf:
Sou, hei déi Klassesch Versioun, just déi léngs Sait vum Bild 4 Sekonnen beliicht an déi Riets Sait 1/8 - F3.5. Den Ennerscheed as kloer am Wasser ze geinn.

Luuchtverhältnisser waren natiirlech katastrophal sos haet ech den rietsen Deel mat enger 250tel gemaach, vir nach méi en krassen Ennerscheed ze kréien. Mais bon, tas Wanter....
MarcGerard 12.03.2006 - 17:25
dat hei ass eee wierklech scho méi gewinnt! stëmmt! an dat mat deenen 2 ënnerscheedlechen zäiten ass mer emol net opgefall.... wier fläit intressant deen trick engkéier onmoosseg ze iwwerdreiwen smile
Focus 12.03.2006 - 17:30
Daat wëll ech och maachen esou baal et mol richteg häll as oder du misst mir en 1.4 liichtstarrk Objektief léinen. Mat 3,5 war ech um maximum. (See my comment)
MarcGerard 13.03.2006 - 00:02
1.4? wier frou wann ech dat hätt smile mee ech mengen sou am summer wann et richtechschéin hell ass, da brauchs de keng blend 1.4 ....
an wann ee probéiert posen ze machen wou een e puer sekonne ka beliichten, dann huet ee bestemmt ee flotten effekt!(z.b. am leien....)
CANON 12.03.2006 - 17:42
TIP TOP Photo ech stung och schon"z um steen.....ass mir eng 9 wärt
Minaa 12.03.2006 - 17:51
Gefällt mer ganz gudd, och d'Iddie mat den zwou Beliichtungszeiten.
Haat och eng Kéier probéiert do eng Foto ze maachen mee bei mir sin dauernt Leit iwwert d'Bréck gelaaf closed_eye
MarcGerard 13.03.2006 - 00:03
bei enger langzäitbeliichtung stéiert och DAT net méi smile
scoty 12.03.2006 - 22:24
ech frooen mech op s du et net värdeg brengs mool ouni ze "spillen" eng foto ze maan
daat mat dengem där aanerer beliichtung verschaisst fannen ech hei alles
an weivill hous du hei gecrop, oder hous de iwerhaapt gecropt gesait fir mesch sou aus
nee deet mer leet fannen se flott vun kompositioun flott

mee firwaa bass de net mam iso an dluut gaangen??
Focus 12.03.2006 - 22:35
Et stéiert mech iwwerhaapt net wann dir se net gefällt. Dës Brék as milliounen mol "Normal" fotograféiert gin; gleef mir graat dan sin ech net derbei!

Se as net gecropt. Wiesou geseit et dono aus?
MarcGerard 13.03.2006 - 00:08
firwat dann eng méi héisch empfindlechkeet? ech mengen déi beschte resultater kréien eh beiklenger ASA-Schnellegkeet. ech kenne leit déi ausschliesslech mat 50ASA fotograféieren. fannen dat elo net berechtegt! an ausserdeem huet de focus ganz vill wertvoll bäitreech déi net "gespillt" sin! ech wees zwar wats de mengs domat....
scoty 15.03.2006 - 16:00
maa en seet hein huet se nemmen kennen mat enger aachtels maan
wann en mam iso rop gaangen wier hätt en eng mei schnell zait kennen maan
MarcGerard 19.03.2006 - 22:41
ah jo. hues recht! hun dat net gesin! smile, sorry!
Aleyshia 12.03.2006 - 22:38
Daat ass esou eng schein Plaatz! Ech woult dohinner wou Waasser gefruer wor mee hun mech net getraut am schnei dei Streck ze fueren;/
Ausser daat blot Scheld oder waat daat uewen riets ass steiert mech hei amfong nix
mmphotos 13.03.2006 - 18:11
Mier gefaellt des foto ganz gudd...2 ausnahmen.Dei brong aellen faarwen (ech wees du kanns neicht derfierclosed_eye) an dann 2tens den iwwergang hannen am besch vun deenen 2 fotoen...genau tescht der breckunhappy
Focus 17.03.2006 - 19:03
fräk, daat mam Besch hun ech mol net gesinn
Dave 17.03.2006 - 23:27
fannen des foto sau flott ,ech mengen wanns de net derbai geschriwen häs dass et 2 fotoen sin dann geif een den iwwerlaaf net gesin,et muss een schon ganz genau hinkuken fir et ze mierkensmile
mmphotos 18.03.2006 - 08:10
den iwwerlaaf bei den beem haat ech endeckt an haat et onlogesch fonnt...dun beim liesen vum komentar as et mer logesch fier komm.Mee fannen dat et bessen steiert
dendan 18.03.2006 - 15:28
Gudd Idee.. wanns de dat technech nach e besse besser hikriss, dann as dat tiptop(Iwergang)!
amBesch 20.03.2006 - 19:35
Motiv gefällt mer ganz gudd, allerdéngs muss ech zougin dass mer den Iwergang vun denen zwou Photoen effektiv och nët sou ganz gefällt. Bei de Beem ënnert der Bréck gesäit een ët effektiv zimlech vill. Ansonsten giff ech perséinlech d'Photo wuel nach e bëssi méi flott fannen wann een e klengt bëssi méi iwert der Bréck gesi giff, ënnen kéint roueg en Zentimeter vum Waasser manner ze gesi sin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 656 Gäscht online