Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nostaljia 2

 
Nostaljia 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.04.2010
  • Gekuckt:
    29970
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x654
  • Späicherplaz:
    344 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=44600]
Kommentar vum Fotograf:
FED 2a vun uewen, ënnen, lënks a vu riëts...

Klick an së wiisst...
suraki 16.04.2010 - 21:48
eng 3D Leica smile
Maimonides 16.04.2010 - 21:53
3D, suraki,
ass haut banal.
4D wärt spannend gin.
closed_eye
Jaycee 16.04.2010 - 22:02
4D Charel errënnert mech un é Programm (4e Dimension) mat dem mer an der Zäit Deviën gemaach hun... sou nei ass daat also nët... closed_eye
suraki 16.04.2010 - 22:06
Jacee, du sés et .... an der Zeit .. hehe
Da kéint ech "elo" schon, bei mer an der Stuff urbexen !bigsmile
Maimonides 16.04.2010 - 22:36
Deviën si jo awer keng Fotoapparaten...
closed_eye
suraki 16.04.2010 - 22:42
et kritt én der awer "fir" Fotoapparaten closed_eye
Maimonides 16.04.2010 - 22:48
Mais de Jaycee huet där awer keng gemaach,
obschons hee mat 4D geschafft huet.
Oder dach ?
Vileicht a senger KGB-Zäit ?
suraki 16.04.2010 - 22:57
KGB .... ech woust et !! seng Biller ware mer nach emmer verdächteg !

!!!
.45 ACP
Maimonides 16.04.2010 - 23:03
Ech mengen d'JADE hätt dee Verdacht och.
closed_eye

Spy Hook
Jaycee 17.04.2010 - 11:03
@ Maimonides... Hey, ech hu nie héieren dass së beim KGB sollen Deviën gemaach hun... daat ass mer wierklech nei... surprised

@ suraki... wann elo op der Foto eng Makarov wär géif ech deng Assoziatioun nach iergendwéi verstoen, mais mat esou engem dekadenten West-Prügel... closed_eye

@ both of you... de Problem mat iëch Jongen ass dass der iëch ze vill vun der Madame Jade beaflossen loosst... cool

Maimonides 17.04.2010 - 16:00
I for one, Jaycee,
loosse mëch och ganz gär
vum JADE "bë-aflossen"
well mir soss Glaat
a guer Näischt vun him
géifen liesen dierfen !

Fotoën weist ët jo keng.

War/ass hatt och beim KGB ?
closed_eye
JADE 18.04.2010 - 01:59
"klimperklimperklimper"
sie wieren dann awer och déi eenzeg déi sech vun mir beanflossen loossen géifen/géifen loossen
"klimperklimperklimper"

ech beim KGB? ... hätt mech interesséiert, jo, schon
mee nee, sin awer éischter am BGK (baaken gaeren Kuch), waat eppes ganz aaneschtes ass closed_eye
Jaycee 18.04.2010 - 11:23
gesäis de, genee daat ass ët, wans de esou mat de Wimperen klimperklimperklimpers, da gin së all schwaach... (me included)...

BGK oder KGB ass genee daat sëlwecht, just an aanerer Reihenfolch (Kuch Gaer Baaken)... closed_eye
Jaycee 16.04.2010 - 21:59
... oh wärt ët dach nëmmen eng Leica... 2 oder 3D wär mer an dem Fall egal...closed_eye
suraki 16.04.2010 - 22:08
ech hun eng "f" .... mengs de se wäR méi schein ? *lol*
Jaycee 16.04.2010 - 22:14
vu wäitem vläicht nët onbedingt, vu no schon well besser verschafft a virun allem keng esou eng kraatzëg an onzouverléissëg Sowjetmechanik... smile
suraki 16.04.2010 - 22:29
opopop , met der "f" gés de och nët méi op den Terrainbigsmile
Jaycee 17.04.2010 - 11:15
... daat wär jo dann esou ähnlech wéi wannste de mat enger Ford Modell T géifs op d'Côte fueren... closed_eye
suraki 17.04.2010 - 17:12

....??
... wou as déi Problém, ... ech si mat enger Traction op d'Côte gefuerbigsmile

11 Légère
Jaycee 18.04.2010 - 11:18
eng Traction ass jo awer däitlech méi fortschrëttlech wéi eng Ford T, do leien Welten dertëchent... closed_eye
suraki 18.04.2010 - 11:27
jo ok du hues Recht, do léien Welten dertëcht !


ForT
Jaycee 18.04.2010 - 11:31
Schued dass déen aalen Henry nët méi erliëwt huet waat éen alles aus senger Tin Lizzy ka maachen...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 313 Gäscht online