Jo dir 2 hut recht mat der Faarf.
Hun iwwer de Weissofgleich dat Resultat kritt.
Hätt eigentlech bessen nobesseren missen.
Mam Cadrage sich ech selver awer och zefridden.
Dat gebei huet mam Schinnennetz fun der Arbed ze din. Hun ugeholl dass do Weichen gestallt gi sin. Bannen ass naischt mei do.
Jo, daat war daat war e klengt Stellwierk vun der ARBED. Ech mengen an dem do sin d'Weichen gestallt gin fir den Torpedo den zweschend Scheffleng an Belval zirkuléiert ass. Deen ass vun Scheffleng iwert d'Boubreck, den Gaalgebierg an durch den Tunnel op der Grenz bis dohin gefuer an dann sin d'Weichen emgestallt gin, an en ass vun do aus am Reckgang iwert d'Breck op den Belval gefuer.
Schued daß esou Saachen esou verfaalen geloos gin.
Leien Schinnen dann nach? Am Fall wou wär daat dach emol sennvoll daat touristesch auszebauen an esou engem den Wee vum Stohl mei no ze brengen....
Nee, d'Schinen, wéi och daat ganzt Schinnennetz an der Hiel bei den Gallerien (an och déi bannen an den Gallerien) sin alleguerten am Elektrohéiguewen geland. Daat waat eis Noperen färdeg bruecht hun brengen mir mol net um Belval färdeg. Zu Völklingen hun se färdeg bruecht eppes fir d'Zukunft ze erhaalen, zu Duisburg och mam Industriepark an zu Uckange steht och nach den Heiguewen 4 mat allem drun. Do kann een och touristesch Führungen kréien. Hei um Belval hun mir just bewisen waat ons eis eegen Urspreng haut nach selwer wärt sin. Ech fannen daat schued.
Daat war vun Ukank un alles warm Loft waat se do iwert den Belval vun sech gin hun. Ech kennen vill Leit déi dofir gekämpft hun an batter entäuscht sin. Si hun et mol net färdeg bruecht soss eppes anständeges dohin ze bauen. Alles een groussen Reinfall menger Meenung no.
An wann se dann färdeg sin mat bauen (an 10 Joer, wann deen eischten Deel schon erem auserneenfällt) mussen déi Leit feststellen déi do eng Wunning kaaf hun dass se direkt niewend der Walzstross vum Belval sin. Den Kaméidi (24/24h) gin se do nie lass.
Jop, ass Schued ze gesinn wei do rücksichtslos dei ganz Industriekulur zersteiert get. ech sinn vill zu Hattingen an Duisburg ennerwee. Do kruuten se et hinn daat alt ze erhaalen an neies ze schaafen an deems se en Kulturprogramm do laafen hunn, een tauchen a klooteren goen kann... (a sie hunn zu Duisburg souguer en Klettersteig)
Wou ech vir lescht do war, waren zwar der richteg puer domm Jugendlecher do, der halwer Starker!!!
Nuje, Gesllschaft get net besser.
As awa flott trotzdem do.