Jou, di Rolltraapen an den Londoner Undergroundstation hun mech nach emmer positiv intrigéiert. Hei hues de awer e gudden Moment erwescht. An der nächster Minutt kann se e beemol voll Leit sin. Gudd cadréiert an gudd gesin.
Firu Joren wollt ech och eng Kéier sou eng Photo zu London maachen. Ech wor ower op der Rulltraap selwer an hun d'Kamera noh iwwert eng vun deenen 2 Banden tëschent den Traapen gehaal. Du sinn ech mat der Kamera un sou engem Zeechen, di do eraus kucken hänke bliwwen. D'Leit hu sëch freckt gelaach.
Obwuels de nach net soulaang bei photogen bass mierkt een awer emmer well direkt wann eng Foto vun dir ass ... hues en eegenen Stil dee bis well nach kee hei bei photogen bruecht huet - an dee Stil gefällt mer!
Des Foto fannen ech och flott, schéin Symmetrie, d'Positioun vun de Leit op der Traap gefällt mer och gudd (hues also de richtegen Moment erwescht ) an d'Faarwen sin rem typesch fir deng Fotoen ... Carry on, I like it!
Ganz flott gesin! Prinzipiell och gudd emgesat, leider just nët ganz symetresch well op der lénker Säit awer e gudd Strab méi ze gesin ass wéi riets. Allerdéngs ass dat eppes wat bei souenger Photo, fannen ech zimlech wichteg ass, well ët genau dorëm geet. Mee maach weider esou. Du hues iwregens effektiv e flotte Stil!