Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kleng Schwester:)

 
Kleng Schwester:)
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    26.03.2010
  • Gekuckt:
    21082
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    38 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    531x800
  • Späicherplaz:
    306 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:26 09:48:26
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43987]
Kommentar vum Fotograf:
Gëschter moien ganz spontan op eiser ganz wäisser Toilette:P available light. Wat mengt dir?
Laurent76 26.03.2010 - 10:44
Sorry wann ech daat elo schon nees schreiwen, et ass och vieleicht einfach nemmen Affaire de goût, mee hei steiert mech och daß Uwen den Kapp geschnidden ass an ennert dem Kenn esou vill oninteressant Plaatz iwwreg ass wou den Bleck einfach erof gezun get...., mein zumindest.

Mee dei heiten ass un sech awer och optimal fir ze cropen, Meiglechkeeten bleiwen jo. Ech geif ennen an rieds deen Vide eweg schneiden daß te Rieds esou no mam Rand bas wei lenks an ennen bis bei den Kenn, evtl kanns te och emol probeieren fir e bessen vum Kenn matzehuelen. Verstees te wei ech daat mengen? Wei gesot, just eng Idee vun mir.

Un sech ass et awer een ganz flotten Portrait wou mir och Luut ganz gudd gefällt. Keinnt en Tick mei scharf sin, evtl kanns te Aen och nach eng Keier noschärfen gin....
ploro 26.03.2010 - 11:23
also ech fannen et net schlemm dat den Kapp ofgeschnidden ass, an mat der 'viller' platz ennert dem Kënn, dat ass och net sou well, et soll jo net sou enk kadreiert sen wei eng Biometresch passfoto smile
BlueRic 26.03.2010 - 12:04
Also ech hätt den Kapp nach bessen méi héich gesaat, dat heecht nach bessen méi geschnidden an dofir och nach méi Plaatz ennert dem Kënn, sou, dass seng Aen um ierwechten 1/3 wiren.
An dann vielleicht net 57mm (38mmx1,5) mee méi sou richtung 85-135mm. Mee dat as net esou wichteg, war jo vielleicht grad esou geduecht an et war jo och méigerlecherweis net esouvill Plaatz am Raum smile

D'Luucht as schéin an d'Aen sin och richteg scharf, sou wéi dat soll sin.
klex 26.03.2010 - 13:47
Stemmen dem Eric an alle Punkten zou! Nach manner platz ennen dan lait et mam Kenn um Bord :/
Laurent76 26.03.2010 - 14:16
Ech sin mam nach mei heich schneiden anverstaan an och mat der mei Plaatz enner dem Kenn mee dann ass fir mein Goût rieds zevill Frairaum.
Wann Foto rieds esou cadreiert wär wei lenks fannen ech deng Idee mat den 1/3 Aen gudd.

Gwendoline 03.04.2010 - 16:18
matt der plaatz am raum hueste recht, ech wollt eben dat den hannergrond souvill wi meiglech wäiss an net ze onroueg wier (spijel, dier, asw...) mam kenn muss ech äerch och recht ginn, et ass tatsächlech do bessi vill plaatzsmile mam kapp ofgeschnidden steiert mech perseinlech awer net esousmile
Miau 26.03.2010 - 15:25
de choix vun der Brennweit ass net grad glëcklech, d'Nues get zevill betont, beim Portrait onbedengt eng mei laang Brennweit benotzen, d'Beliichtung ass awer ganz gudd
Gaga 26.03.2010 - 15:39
hmmm interessant miau, mais dest as 38mm crop ! also mei wei 57mm ... !
ech gedenken mer als portraitlens en 35mm ze kaafen fier t'D90 ! soss kriss de fier en ganzkierperbild distanzen dei an kengem Studio ze realiseieren sin !
as meng iwerleeung elo falsch oder waat denks de ?
Laurent76 26.03.2010 - 15:45
Wann ech elo gudd am Bild sin leit optimal Brennwait fir Portraiten bei 75-100mm, am crop sin daat dann 50-70mm....

Mee bon, wanns te keng Plaatz hues notz daat dech och naischt bigsmile
m-otiv 26.03.2010 - 16:24
jep, kann dem Laurent nëmmen zoustëmmen...ech hun perséinleg gemierkt, waat d'brènnwait méi kuerz ass bei esou engem noen sujet, waat d'bild méi verzerrt (net graad richtung FE mä sou baal smile )...also ech huelen léiwer distanz matt enger laanger brènnwait fir meng portraien. Fals een e zoom huet, géif ech sou wait wéi méigleg goen, an era zoomen (bon ech schaffen baal exclusiv matt prime)
Miau 26.03.2010 - 16:48
ech si nach aus der aaler schoul een, do kruten mir gesot "ideal fir Portrait ass 80 m/m am Kleinbild um Verzeechnungen am Gesiicht zu vermeiden", beim Chip vun der D90 wier daat ongefeier 54 m/mm, ech benotzen beim Porträt meeschtens de 50m/m, bei Ganzkierperbiller as daat natierlech aanescht,
Gwendoline 03.04.2010 - 16:20
jep däer hudd recht, et ass effektiv eng liicht verzerrung z'erkennen .:/ dh, besser wäit ewech an erzoomen?
Gwendoline 03.04.2010 - 16:16
merci fir all äer commentairen an netzlech kritiksmile et deet mer leed dat ech net drop geäntwert hun, ech woa eng woch fort an d'Vakanz... Trotzdem, merci, verschiddenes wäert ech mer secher zu Häerz huelen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 630 Gäscht online