Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Respekt ...

 
Respekt ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.03.2010
  • Gekuckt:
    23816
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    814x505
  • Späicherplaz:
    391 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43941]
Kommentar vum Fotograf:
... wat huet dén Titel elo mat desem Bild ze din ?

virtéicht emol, ech wés dat esou en ähnlecht Bild hei schons gewise gin as.
Bei deser Foto hat ech selwer nemmen meng G11 mat derbéi, et war nët geplangt, an e SWW war kén zur Hand.
En dén elo sicht, dén fend se, d'Fehler am Bild. Et besteht aus 16 Enzelbiller déi och ouni Stativ aus der Hand geknippst sin.

mé zum Titel, ... sin haut zoufällech do lanecht gefuer, ouni wëllen dohinner ze goen ! Ech hu geduecht e Schlaach ze kréien, d'Fensteren an d'Rollueden grouss op ! Ech stelle mer einfach Froen, a wonnere mech guer nët méi, wann a virwat d'Gebéier zougemauert gin. D'Kanner kennen vun baussen eran klammen, d'Nopeeren gesin et, an den Zodi as virprogramméiert. Wou bléift de Respekt vun allem, wann nët emol én emstand as, eng Fenster erem zouzemachen, wann se ewerhapt misst opgemach gin.

Heimadder well ech kén vun Eis uschellegen, et kënnen jo grad esougud aner Léit oder Kanner gewiecht sin !!

Ech froe mech awer dann och do, .... wou bléift den Respekt ??

McQueen 24.03.2010 - 17:31
Zitat ED:
Ech hu geduecht e Schlaach ze kréien, d'Fensteren an d'Rollueden grouss op !

smile smileHun se bei dier agebrach Ed. Hues du d'Police geruf? smile smile
Sorry ech konnt net anescht :-p
Trotzdem eng gudd Foto, an ech wonneren mech emmer erem, wou's du dei Platzen do all obdreifs.
suraki 24.03.2010 - 17:36
merci Mc ....bigsmile

Maimonides 24.03.2010 - 21:17
Di Kichen do, Ed,
haat mindestens mol d'Chance nach schéin gewisen ze gin. An eiser klenger (PG) "mémoire collective" ass së also präsent. Viläicht gët si sou guer ë Souvenir, wee weess. Dë Rest ass eng Saach vun Zäit. A bäi gidfërengem vun eis tickt d'Auer och: duerfir ass dat hei, schlussendlich, eng Saach vu Respekt.
suraki 24.03.2010 - 21:41
merci Charel, du schreiws wat ech geduecht hun !! smile
.... se tickt d'Auer, an et kennt de Moment do gët d'Fieder, fléicht d'Onrou midd oder se brecht, dat as einfach esou (an as och gud )

Irgendwann crasht och eisen zwéeten oder drëtten Updatedisk, a wann nët, geheien spéitstens eis Urenkelen déi komech Këschten, mat dénen é jo neicht méi ufänke kann, wou én sech awer nach fléicht u Biller oder esoueppes erennert, ewech. Jo Charel, alles eng Sach vun der Zéit closed_eye

Ech si kéen Pessimist !, awer ...wéi laang iwerlierft en mémoire collective? smile
Maimonides 24.03.2010 - 21:58
Besser als "feine Kärel" nët ze séier vërgiess,
wéi als Drecksaak ganz laang verhaal.
Dat sin dann d'Qualitéiten vun dër "mémoire collective".
Beispiller gin ët dër jo genuch.
suraki 24.03.2010 - 22:02
hehe, wou's de recht hues .... smile
op dat's se eis nët ze laang am Verhalt hunbigsmile
merci Charel
Gaga 24.03.2010 - 22:34
kleng klammer maimonides : ech sin graat färdeg operation walküre ze kucken, witzeg wei passend dein kommentar zu dem film as !
dei eenzeg 4 deitsch zaldoten fier dei een monument steht !
sie hun deen choix och gemach !
TseEll 24.03.2010 - 17:34
Bild an Iwwerléunng gefâle mir ganz gudd !
suraki 24.03.2010 - 17:37
merci Du ...TseEll closed_eye
m-otiv 24.03.2010 - 17:51
gudd foto...häss du eis elo nët gesoot et wier e stitch...hätt ech no no fehler gesicht closed_eye
suraki 24.03.2010 - 19:11
merci Vitivox smile
Shantideva 24.03.2010 - 17:54
Gudd Aarbescht fir een Pano aus der Hand! Jo, ech hun just een Fehler bei der Kachmachine gesin. An wann d'Fensteren op stin, dann ass gleich alles faul do dran. Daat war keng hell. Hues du se wéinstens zou gemeet. closed_eye
suraki 24.03.2010 - 19:10
merci Jean-Claude, hu vill Fehler gestempelt a geshopt an ech wés wou se all sin , .... a soen et nët ....hehe
(ech si nët emol era gangen a wärd och nët méi dohinnergoen unhappy )
Shantideva 24.03.2010 - 19:36
Oh mei! Daat klengt jo net gudd. Wou ech do war hat ech schon Dokumenter gesin déi do net hätten leien dierfen. Sollt d'Haus dann net schon oofgerappt sin? Dofir haten mir eis jo sou geflass nach dohin ze goen... sad
suraki 24.03.2010 - 19:59
mer héieren jo nach vun enaner closed_eye
Zampano 24.03.2010 - 20:12
ich kann meine (Adler)Augen anstrengen wie ich will, mehr wie den Schnitt bei der Kaffemühle bzw. beim Herd kann ich auch nicht finden. Also, die gewohnt saubere Arbeit aus Surakis Hand. ich dachte erst das es eine echte Fisheye Aufnahme wäre. Respekt, ich glaube die Geduld hätte ich nicht... Das dort jetzt alles offen steht ist eine nicht so schöne Entwicklung unhappy
suraki 24.03.2010 - 20:35
ja Andy, genau das wollte ich zeigen. Wenn man in absoluter Not ist, kann man immer noch ein Stativ und Fisheye "imitieren" Man muss natürlich bereit nachträglich eine Stunde EBV Arbeit zu investieren.
danke smile
Maxx 24.03.2010 - 20:18
Super Foto Suraki, Wow!
Euh, sin e puer Fehler deran? An ech hat gemengt d'Kichen géif esou äusgesinn closed_eye
suraki 24.03.2010 - 20:28
né dat war eng vum Kichenchef, ganz nei op aalgetrimmten Collectioun.
merci closed_eye
Gaga 24.03.2010 - 20:32
wow, do as et erem, dei propreteit an den texturen, dei ech net hinkreien !
ech dreinen nach duerch wann ech net erausfannen fierwaat ech dat hun, oder as mein material esou scheiss dat eng compakt daat besser hin kritt ?
ech checken et net
eierlech !
super, och wann mer dei kichen schon gesin hun, se as nach emmer sou spaktakulair wei dei eichten keier, dei net rustikal objekter, weiden dat do nach firun kuerzem liewen dran wor, awer elo, jo elo ...
as de mann oder t'fra dout ?
am altersheim ?
gin et nach nofahren, an waat hun se mat deem haus welles ?
do stecht e ganzt liewen an den maueren ... mat onendlech villen geschichten ... mier mussen se just an de biller liesen !
also ech kreien emmer sou ... gedankenzich ... bei esou fotoen dei nach voller liewen stiechen !
suraki 24.03.2010 - 21:05
Marco obschon Nikonobjektiver en immens schlechte Faarfkontrast erembrengen tongue hehe ..... née, déin Apparat as nët méi schlecht ewei en aneren och, et get emmer gesot dat heiten ***Canonobjektiv as besser do an do ..., an den Nikon "Souasouviller" as immens bei derdoten ....
Fir mech selwer !! as dat alles Quatsch, et ka kén sech méi léchten en schlecht Objektiv ze bauen. Mat menger G11 hun ech mat immens villen Verzerrungen am WW ze kämpfen, an ech muss einfach dat bëscht draus machen. De Rescht vir déift an méi Kontrast dran zekréien war fréier Duka an haut PS.
D'Geschicht vun de Léit déi an esou Héiser gewunnt hun, as an de méchten Fäll ... ech well et nët mol wessen, mache mer awer immens dachs, an emmer méi oft, och Gedanken driwer. En den aus sengem Stëck Heemecht erausgeht oder einfach nët méi do wunnt , as oft krank doud ka nët méi alleng do bestoen ... emmer stecht eng traureg Geschicht hannendrun.
Gaga 24.03.2010 - 22:35
genau daat as et, et kann een bei sou fotoen nie fun engem happy end ausgoen !
Miau 24.03.2010 - 20:41
den eeschte Blëck...firwaat soll ee Fehleren sichen...ech soen just "Respekt" Edy
suraki 24.03.2010 - 20:46
zweemol merci Willy smile smile
gtaddei1 26.03.2010 - 13:41
Jo ... ganz flott ... FE?
suraki 27.03.2010 - 11:24
oh, ... FE ??
Nikon FE war an der Zéit en gudden Apparatbigsmile
gtaddei1 27.03.2010 - 13:25
Ok elo wéés ech et

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 634 Gäscht online