Ee Schrottzuch fiert vum Merterter Hafen erfort a Richtung Waasserbëlleg, Foto gouf gemaach op der Bréck bei der Gare vu Mertert, den Tilt-shift Effekt ass photoshop.
hmm, hmm, einspruch euer ehren !
dei heck dei do firun der lens steht mecht et ganz schweier, mais wanns de dech ameseiers deng mask do nach mei genee ze leen, kennt den effekt besser eriwer !
dei wiss riets fum zuch mist jo och scharf sin ... och den donkelen mast as uewen net propper verschaft gin !
ech muss awer soen dat fier den recht t'foto ganz gut eriwer kennt !
hun haut dei läscht DOCMA kaaf, an gesin dat den tilt-shift workshop dran as ! wei ech do gesin hun wei schlecht hier beispiller woren, wor ech entsaat, fum DocBaumann, en as bis gescht een konkur gelaaf, deen ech elo verpasst hun ! zut alors ... deng hätt och kennen matmachen !
do hues de Recht... et ass heiando erstaunlech waat an Zäitschrëften fiir Mëscht verzaapt, respektiv gewise gët... vun dem DocBaumann hun ech esou wisou nach nie vill gehaalen, dé Borscht war mer ëmmer ze vill selbstherrlech...
Du hues ganz recht mat déngem Gemeckers. Ech weess, datt ech dee Strauch net uerdentléch maskéiert hun. Mais dat war mir, éierléch gesoot, dann dach den Opwand net wärt. An di Wiss rechts vun der Lok kéint effektiv nach mat scharf sin, awer da get et nach méi Gepiddels. A fir een "Just for fun", nujee...
Awer wat déi Tutorials am Netz ugeet, do sin der vun .. bis dobäi. An et ass nach laang net alles Gold, wat blénkt. Sou wéi bei eise Kreatiounen och. An dat mécht dach grad de Charme aus. Datt et net perfekt ass.
du hues recht, mais vue que dat ech den tutorial gemach hun hei um site, mat menger technik, dei nemmen eng as fun fillen, gesin ech mech verpflicht, dier an deenen aaneren dei et probeieren, eng hellef unzebidden !
schon alleng dats de et gemach hues (also et auszeprobeieren) mecht mech stolz an beweist mer dat ech epes gemach hun waat t'leit interesseiert, dofier en decken merci !