Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Galoschen

 
Galoschen
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.03.2010
  • Gekuckt:
    35128
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    797x800
  • Späicherplaz:
    197 KB
  • Originaldatum:
    2010:03:11 21:03:47
  • Fotoapparat:
    Hasselblad 500CM
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
Fomapan 100
Proxar +1.5

Fir anzesetzen: [pg_img=43580]
Kommentar vum Fotograf:
De Fomapan 100 huët eng gewëssen Ähnlechkeet mam verflossenen Agfapan APX100, schéint awer manner robust ze sin; ech hu praktesch op all Film méi oder wéiniger staark ausgeprägten "Telefonsdréiht"...
shingo 11.03.2010 - 22:48
hui, waat déi bléinken! smile
Gaga 12.03.2010 - 09:09
bigsmile
Stiwelen !
=> Geil !
waat mer net gefällt :
Dior sin ze deier, an meng Fra kann an sou heigen Taleken net goen ! unhappy
Jaycee 12.03.2010 - 11:23
Ze deier, ok wanns de së op den Champs Elysées zum vollen Tarif kéefs... ët gi jo awer do Alternativen wéi ebay oder en Dior Outlet wéi Foxtown zu Mendrisio an der CH, mais domadder ass de Problem vun dën héigen Taleken nach nët geléist... closed_eye
Gaga 12.03.2010 - 11:48
oofseen ???

surprised
Jaycee 12.03.2010 - 15:07
fro emol deng Madame waat se dovun hält...
Gaga 12.03.2010 - 15:11
haha, also ech muss soen dat hat guer net sou markenbezun an materialistech as, an vill mei pragmatesch, ech mengen ech sin do vill schlemmer wei hatt ... ech kaafen him jo sou schong fier mech, net fier hat ! closed_eye
ech soen him emmer : als fra keefs de keng schung fier gut dran ze goen ! bigsmile
Jaycee 12.03.2010 - 19:30
... also muss deng Madame wéinst dir leiden... zumindest heiandsdo... closed_eye. Ëch muss mech ëmmer beléire loossen, dass é soll Markeschung kaafen, well én sech soss d'Féiss futti mecht. Ech äntweren dann ëmmer dass Dior, Chanel, Gucci, Versace & Co keng Schungmarke sin sondern iwerdeiert Designen vun oft zweifelhaftem goût... Deslëchterem z.B. huet ët mer ë Puer Schung gewisen wou den Talek wéi é Vullekäfeg ausgesin huet... confused
Gaga 12.03.2010 - 19:46
naja, fun haut de couture haalen ech och net fill !
mais fun flotten stiwelen schon ! smile
Jaycee 12.03.2010 - 22:27
ech mengen iergendwann eng Kéier matkruut ze hun dass de en high heel fan bass, à moins dass ech dech elo mat engem aaneren verwiësselen... closed_eye
JADE 13.03.2010 - 00:23
gitt aeren Madamen emol deen Link hei weider ...
ass nemmen fir shoe-fan(atiker) (an wann sie och gaeren Fr liesen)

http://theseshoesarenotmade.blogspot.com/

bigsmile

"Galoschen"!!! ... tse tse tse ... "Kappresel" sad
Gaga 13.03.2010 - 01:30
tjo waat eng discrimineierend an oofwertent bezeechnung fier esou epes scheines ! smile
Jaycee 15.03.2010 - 21:59
d'Madame séet merci fiir den interessante link... cool
JADE 15.03.2010 - 22:22
ech wosst et ... closed_eye
sie kann och roueg zeréckscrollen ...
ech hun den Humor nawell zimmlech gaeren closed_eye ... an niewenbai gett een och nach iwer d'shoes-Neiegkeeten informéiert
Gaga 13.03.2010 - 01:29
nee nee, ech sin schelleg ! smile
Maimonides 12.03.2010 - 23:06
Dat Matt an dat Blénkicht....dee Géigesaaz do gefällt mir. An d'Spigelung déi baal ausgesäit wéi ee Fouss....
Jaycee 15.03.2010 - 21:57
Dës Foto ass eigentlech en Zoufallsprodukt... D'Madame bedreiwt e klengen Import Export Handel mat Gal... pardon @Madame Jade, ëch wollt soen mat Schungwiërk closed_eye, an mëcht dann och alt emol Produktfotoen. Enges Daags stoungen dann dës booties owens nach um Dësch an hu mech zu dëser Foto inspiréiert... Vläicht soll ech daat mol gelegentlech widerhuelen...
Gaga 15.03.2010 - 23:21
interessant ! get et do een katalog ???
Jaycee 16.03.2010 - 19:57
just e virtuellen Katalog oder besser listing fëns de hei:

http://molotok.ru/show_user_auctions.php?uid=8670561
Gaga 16.03.2010 - 22:08
verstin keen wuert dobigsmile !
JADE 16.03.2010 - 22:16
oh ben, do sin awer schéin Galoschen!!!
ech hun keng esouer ... et ass just een Draam ...

verstin och keen Wuert ... dofir kucken ech halt d'Biller bigsmile ...
an dreemen weider ...unhappy
Jaycee 17.03.2010 - 15:48
eh ben, also ëch verstin och nët alles, trotz menger fiktiver KGB-Ausbildung closed_eyeclosed_eye
... fiir meng Frënn mëcht d'Madame bestëmmt éen discount, ausserdem spuers dë d'office 300 Rubel (9 EUR) Porto... closed_eye
JADE 17.03.2010 - 16:48
hrhrhrrr ...
ech dreemen leider weider, well fir esou Galoschen muss den Rescht och passen, geschweige denn vun deem deen domadden duerch d'Géigend galoschéiert smile

fiktiver KGB-Ausbildung ... hahaha ... déi hun nach eng aaner Sprooch, nach méi onverstaendlech bigsmile ... ne du !
JADE 16.03.2010 - 17:03
ohoooo ... interessant !!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 315 Gäscht online