De Fomapan 100 huët eng gewëssen Ähnlechkeet mam verflossenen Agfapan APX100, schéint awer manner robust ze sin; ech hu praktesch op all Film méi oder wéiniger staark ausgeprägten "Telefonsdréiht"...
Ze deier, ok wanns de së op den Champs Elysées zum vollen Tarif kéefs... ët gi jo awer do Alternativen wéi ebay oder en Dior Outlet wéi Foxtown zu Mendrisio an der CH, mais domadder ass de Problem vun dën héigen Taleken nach nët geléist...
haha, also ech muss soen dat hat guer net sou markenbezun an materialistech as, an vill mei pragmatesch, ech mengen ech sin do vill schlemmer wei hatt ... ech kaafen him jo sou schong fier mech, net fier hat !
ech soen him emmer : als fra keefs de keng schung fier gut dran ze goen !
... also muss deng Madame wéinst dir leiden... zumindest heiandsdo... . Ëch muss mech ëmmer beléire loossen, dass é soll Markeschung kaafen, well én sech soss d'Féiss futti mecht. Ech äntweren dann ëmmer dass Dior, Chanel, Gucci, Versace & Co keng Schungmarke sin sondern iwerdeiert Designen vun oft zweifelhaftem goût... Deslëchterem z.B. huet ët mer ë Puer Schung gewisen wou den Talek wéi é Vullekäfeg ausgesin huet...
ech wosst et ...
sie kann och roueg zeréckscrollen ...
ech hun den Humor nawell zimmlech gaeren ... an niewenbai gett een och nach iwer d'shoes-Neiegkeeten informéiert
Dës Foto ass eigentlech en Zoufallsprodukt... D'Madame bedreiwt e klengen Import Export Handel mat Gal... pardon @Madame Jade, ëch wollt soen mat Schungwiërk , an mëcht dann och alt emol Produktfotoen. Enges Daags stoungen dann dës booties owens nach um Dësch an hu mech zu dëser Foto inspiréiert... Vläicht soll ech daat mol gelegentlech widerhuelen...
hrhrhrrr ...
ech dreemen leider weider, well fir esou Galoschen muss den Rescht och passen, geschweige denn vun deem deen domadden duerch d'Géigend galoschéiert
fiktiver KGB-Ausbildung ... hahaha ... déi hun nach eng aaner Sprooch, nach méi onverstaendlech ... ne du !