nee mech stéiert et well et dem gesiicht bessen dee kaalen ausdrock hellt besonnesch well d'aan mat greng sin (resp blo an se gesin greng aus mat mauver cravatte ging ech soen hätt eppes
Esou, loosse mer emol soen "onnatiirlech" Farwen, sin ët jo schon och zu analogen Zäiten gin (cross processing z.B.), an demols, esou wéi haut, fannen ech daat duerchaus interessant wann se gezielt a nët systematesch agesaat gin. An dësem Fall, ob elo gewollt oder ongewollt kommen se bei mir gutt un...
Greng-giel a mauve am Gesiicht signaliséiert am allgemengen kee ganz gesonden Zoustand vun der betraffener Persoun - fir mech ass et e bësse kritesch...esou - t'hängt awer sécherlech vum Zweck of.
no jaycee séngem kommentar hun ech mer geduet ech verzielen engkéier wéi ech 't luucht gemach hun, vir an egnems déi sach mam moofe gesiit ze erkläeren. den jaycee huet et neemlech ongewollt gesot: et as eng technik déi et schon an der analikfotografie gouf. huet awer näischt mam cross-processing ze din.
erkläerung: 1 luuchten. eng op de réck, eng vu vir. déi op de réck huet eng neutral -also normal- faarw. déi vu viir as knätsch-gréng! also mat engem gréngfilter! herno hun ech 't wäissbalance esou gesat, dass déi viicht luucht net méi gréng, mee neutral get. déi hënnecht-ursprünglech neutral- luucht get doduerch autmatesch komplementaire zu gréng (magenta, also moof) doduerch as och de schied faarweg gin. de recht as natiirlech filtrage. ech luede fläit nach eng erop, wou een dat méi däitlech gesäit ..