Liicht iwerbeliicht op der Mauer , d'Waaser ass beim Pillier e bessen Komesch mé bon... An villeicht den HDR effekt ass e bessen ze gesinn an daat kennt vun engem villeicht liichten ze staarken Zonalen Kontrast
Nu jé et ass mol nett well esch pedantesch sinn op meng égen Fotoen mé ech haat se elo eng Zait net méi gekuckt an daat ass mir elo reischt opgefall.
An en plus am Fueweschen ass dei 3tt ginn op engem Franzeischen Konkuer , ech sinn wirklesch ondankbar
Een Konstruktiven Kommentar ... e positiven Kommentar kann och justifizeiert ginn an den Auteur keint mool net onbegingt domaden d'accord sinn z.B. an dann geif zB eng Diskussioun virwaat één eng Foto gudd fent. Et ass daat selwescht fir en Dokter ze soen daat éé pazient neischt huet , daat hescht daat hien gudd ass, an daat ass eseguer méi schwéier ewei ze soen dass hien graad eppes opweises huet.
Mé dass nemmen esou eng Aentwert op deng Remarque ... natiirlesch soen ech dir 1000 Mol merci
da soen ech dir wat mir super bei denger Foto gefaellt:
- dat Gewulls hei vir, bei deem eischte Pilier: d Waaser wat fleisst a liewt,
- dat Metallischt vun der Breck, statisch clean,
- an de Beton, rechts am Eck, do wou Mensche wunnen.
- a kee Schoeff weit a breet,
- an awer: panta rhei, kserokefali.
- den effet rondrem de Pilier ennen = genial
- eng praktesch rauschfräi Foto, an dann awer just den passen den Grain am Himmel, gett einfach eng super dynamik zwescht serenitéit vun der nuecht, dee smoothen waasserfloss an awer d'Bewegung vun den Wolleken, déi een amfong jo eischter roueg erliewt
- deen héischen Kontrast dréit zu enger wahnsinneger SIN CITY atmosphär bei, waat ee super effekt, iwwerhaapt schon vun der interpretatioun hiir gett, wei d Breck eriwwer an d' (Sin) City féiert... ech fannen et einfach gudd
@Maimonides: Efharisto poli! Poli Efjenikos . Kserokefali .. endaxi mbori na immé ... immé apo ton Abruzzo kai èki to immaste oli (Modern Greek)
@d'Baemm
Et bleiwt mir jo nemmen iwerech meng éégen Foto gàren ze hunn
Merci awer fir den Effort , et ass flott och ze wessen firwat eng Foto appréciert gett ... ech mengen déén se mescht wéés eischtens nett ewei se unkennt an dann wéés hien oft och nett virwaat .
Wou ech opgepasst hunn woar fir de Kontrast net ze staark ze maachen. An fir Luucht erann z brengen ouni d'Heischtéin ze verbrennen, Am Fong ass daat waat an enger HDR FOTO baal emmer féélt. daat flotten Liichteffekt déi eng normal foto emmer huet . An daat ass nett emmer evident daat drann ze maachen wou op Nomral Fotoen automatesch drann kennt .
Super foto as just schued, dass irgendwann virun 200Joer dei richteg aal London Bridge oofgerappt gouf dei wier haut na schein MOtiver derwert (se erennert bessi un de Ponte Vecchio zu Florenz)
ech mengen all technesch Meenung si jons gemaach, ech fannen se riet erausgesot sa....gutt, da luet se emol am faarwegen erop, giff mech nawell interesséieren fir déi ze gesinn
Merci fir d'FOTO
Alles geht , méé ech stampfen e bessen bessen .
D'Convivibiliteit vun W7 ass besser , méé d'Stibiliteit vum MAC ass Génial (an seng Vitesse... super... ausser beim Saven do géét et mei luess)
Ech hunn e Probéém mamm Airport Extreme: Meng Imprimanten ok mé meng Disken dei um selweschten Hub sinn ginn nett erkannt (wéés guet net Virwaat)
Fazit : Ech sinn am MacSekt geschwenn voll drann
hehe, Macianer, ass ustiechend. Ech sin der Meenung, wanns de mol e puer Wochen mat Snow Leopard geschafft hues, dann bass de aanerer Meenung, well ech hun och den W7 op engem PC installéiert (hun di 2 Systemer), deen ass ganz ok, par rapport zu deem Schrott vu Vista waat se virdrun haaten.
Dovun oofgesin flotten S/W HDR, propper verschafft, sou wéi een daat vun dir kennt. Mir gefaalen di kloer Strukturen vun der Bréck immens an dann d'Luuchten, sou wi den Punkt um i.
Merci so.... wééste net ewei ech den Internet op W7 zum laafen kreien den mamm Parallel op Mac installeiert ass?.
Wei ech dann och den Airport Extreme anstellen fir daat meng Extern Disken erkennt ginn (d'Imprimanten laafen super)
Probéier mol daat heiten:
An den Systemastellungen op Sicherheit klicken,
dann um Firewall d'Schlass uklicken an dann op weitere Optionen
do di 2.Méiglechkeet uklicken
Dann musst de op d'Plus-Zeechen ( ) klicken.
Da gees de folgend Aplikatiounen dobäisetzen (enner Dienstprogramme)
Airport-Dienstprogramm.app,
Airport-Laufwerksprogramm.app an
Time Machine.app. all Kéiers un.
Hun den SL op Däitsch laafen a wees net wéi et op Franséisch oder Englesch heescht.
Anscheinend ass awer en USB-Harddisk enner Airport extrem lues.
Wees ech awer net well ech hun en Netzwierkserver (Synology) op Gigabit-Lan laafen an do geet daat ratztfatz, souguer mam MacPro an Airport Express.
Firwaat wells de am Parallels Internet kucken, dovir hues de jo awer d'Mac Sessioun
Also alles waat MAC IT ungeet hun mer den Shanti jo hei...
ech sin do och een Leien ... wuar frou ewei een Kiichelchen wei bei mir alles mam Airport Extreme gelaaf ass. huet allerdeng och e bessi gedauert biss ech daat um laafen haat.
ann den Paralells hun ech Nie benotzt.. well ech mech esou seier un den Mac gewinnt hat dass ech deen Windows guer net mei benotzt hun
Jo ech hunn nach Programmer dei ech fir W kaaf hunn (jo daat get et och!) an dei wéilt ech awer nach gebrauchen (DXO 6 zB an fir MAc versioun sinn 300 E neidesch an ass nach nett au point)
Jo ech wollt de Shanti nach nett mat dém ganzen emmerdeieren ... wàrd daat awer villeicht maachen mussen soss