Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wir ka mir hellefen???

 
Wir ka mir hellefen???
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.03.2010
  • Gekuckt:
    22260
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    22
  • Beliichtungszäit:
    1/60 sec
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    28 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1131x751
  • Späicherplaz:
    346 KB
  • Originaldatum:
    2010:02:10 09:41:50
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
    Canon 24-70
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=43360]
Kommentar vum Fotograf:
Gesinn zu Parais
Hunn e Problem mam Ps Cs4 an dem Windows7, ech kreien de PS net mei op.
hei Feelermeldung
This product has has encountered a problem which requires that you restart your computer before it can be launched.
If you continue to see this message after retarting your computer, please contact either your IT administrator or Adobe technical support for help, and mention the error code shown at the bottom of this screen.
Error 1
MarcGerard 03.03.2010 - 17:38

déi fehlermeldung seet leider net vill aus. wanns de wells kanns de mer de psd jo mol mailen. wann ech déi selwecht meldung kréien kann ech kucke wat et as. wann net kann ech nemme FLAIT gesin wat et as smile

éiers de se mails:
mach mol en dublikat vun der foto. am windows einfach dublizéieren. weess net wéi dat bei windows geet, mee du fënns dat bestemmt. wann net: de fichier EEMOL(net doppelklick) uklicksen an CTRL C an duerno CTRL V drécken ....

let me know
closed_eye
Charly 03.03.2010 - 17:40
Marc, et huet mer net geklong wéi wann en just bei der Foto en Problem huet, oder hun ech daat falsch verstaan?
(an eis Posts hun sech iwerschnidden)
MarcGerard 03.03.2010 - 17:49

ups. lo wous du et seess huelen ech alles ganz séier z'réck .. smile
also wann de PSCS4 legal kaft as dierft dat net virkommen.
jo, einfach engkéier nei installéieren as fläit d'léisung ...

fro: hues de deslescht e plugin installéiert oder een update gemach?
Jeanny 03.03.2010 - 18:27
Hunn e bei Adobe kaaft an erof gelueden, hu nëmme Problemer dermat, gi Windows7 Schold, hat en erof geheit a wollt en erëm nei erop lueden, dat ass guer net gaangen, hunn de PC dem PC Dokter ginn, deen huet e mir erëm nei erop gelueden, an elo geet e schonns erëm net méi.
En Update vum Adobe Reader 9.3.1 hat ech gemaat
ludiol 03.03.2010 - 22:05
Vlaäicht ass den Fichier mat der Lizenz futti.
Ech proposéieren eng komplett Desinstallatioun (also net nemmen uninstall iwwer d'CD vun CS4) mee wierklech komplett. Do get et speziell Programmer déi och d'Preferencen an alll verstoppten Files och wierklech läschen (z.B. Ashampoo UnInstaller) an dann duerno eng Reparatioun vun der Registry File machen (z.B. RegCleaner).
An dann éischt nei installéieren.
Windoofs mecht oft Problemer well d'Registry net an der rei ass a well di meecht Uninstaller vun den Firmaen nemmen Deeler vun der Software désinstalléieren.

Du haas jo net virdrun eng Beta Versioun vum Progamm ?

Wann et dann net geet, Adobe Support kontaktéieren.
Jeanny 04.03.2010 - 06:39
neen, hunn alles kaaft
de PC ass ganz nei installeiert ginn, mam Windows7 a PS op e neien Harddisc. e war wei nei kaaft smile
Jeanny 06.03.2010 - 14:19
e geet eremsmile, desinstaleiert a erem nei installeiert a schons leeft mei gutt Steck eremsmilevillmools merci
Charly 03.03.2010 - 17:38
Flott Foto. Deng CS4 Fro géif ech um Forum stellen. Ech kann der just virschloen en emol ganz ze desinstalléieren an nei ze installéieren. Ech hun den CS4 esouguer (just fir Noutfäll) op mengem Sony Vaio Netbook ennert Windows 7 Starter laafen, ouni Problem. Domat sin ech och grad am Zuch ennerwee wéi ech daat hei scrweiwen ...
Jeanny 03.03.2010 - 18:19
Dann hues du mei Chance wei ech, eppes ass bei mir net richteg
Merci Charly
Jeanny 06.03.2010 - 14:20
e geet erem Charly, desinstaleiert a erem nei installeiert a schons leeft e wei neismile merci
gtaddei1 03.03.2010 - 17:50
Wann et eng Kopeiert Versioun ass kennt émool vir daat de Windows 7 dir d'recht net gett fir waider ze maachen oder... du huess irgend wei één Virus mamm AV ewesch geméét vun W7 (an dotazioun)
Wannste elo awer de Programm zum starten kriss an d'Foto huet één problém an nemmen dess foto , jo dann ass et één Problem déén ech nett kennen .
Jeanny 03.03.2010 - 18:18
Hunn e bei Adobe kaaft, an erof gelueden, hu nëmme Problemer dermat, gi Windows7 Schold, hat en schon erof geheit a wollt en erëm nei erop lueden, dat ass guer net gaangen,nemme lauter Feelermeldungen, hunn de PC dunn dem PC Dokter ginn, deen huet e mir erëm nei erop gelueden, an elo geet e schonns erëm net méi, Beleech war e jo awer net.
E geet guer net op, et leiet u kenger Foto
Charly 04.03.2010 - 07:08
Do get et een Trick wou een beim Starten irgendwelch Taaschten muss unhaalen, dann gin di ganz Astellungen reset. Ech kucken daat erem ze fannen, dann soen ech der Bescheed.
Charly 04.03.2010 - 07:12
Hun et an engem Adobe Forum fond: Haal Ctrl-Alt-Shift un wanns de den Programm starts. Daat setzt alles op defaults zeréck an sollt normalerweis esou startup Problemer léisen.
Bonne chance!
Jeanny 04.03.2010 - 10:32
Bonne chance kann ech gebrauchen smile, merci Charly,
et huet net gehollef, muer kennt e laanscht kucken, ech soen der da bescheed waat e gemaat huet.
gtaddei1 04.03.2010 - 13:26
Dann muss één ganz erooflueden an dann all Filen am Sys eraushuelen , an oft géét daat nemmen manuell.
Nu jé et ass haard ... Dofir sinn ech op Mac eriwer gangen ... ech kreien se Freidesch.
Oh jé no 25 Joer PC ginn esch an d'MACSEKT ... ech fàrten e bessi... héhé
Jeanny 04.03.2010 - 16:58
De Bouf seet mir daat och emmer, kaaf dir e Mac smile
gtaddei1 04.03.2010 - 21:57
Ech wéés nett op dàin bouw recht huet , soen dir daat demnàchst
Jeanny 06.03.2010 - 14:18
e geet eremsmile, desinstaleiert a erem nei installeiert a schons leeft mei gutt Steck eremsmile, soen iech alleguer merci
gtaddei1 06.03.2010 - 14:25
Voilà ! De W7 ass rlativ Kommesch , wann eppes fir e puer déég net gangen ass , ewei aus Magie , duerno geet erem
Jeanny 06.03.2010 - 18:47
jo, sou war et smile
Charly 04.03.2010 - 14:35
Huet en dech och dun gefrot op en alles soll resetten?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 503 Gäscht online