Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

GospelEMCEE

 
GospelEMCEE
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.03.2006
  • Gekuckt:
    23819
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/125
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x536
  • Späicherplaz:
    190 KB
  • Originaldatum:
    2006:03:05 16:40:18
  • Fotoapparat:
    FinePixS2Pro
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=4329]
Kommentar vum Fotograf:
aus enger shooting rei am schnéi! de GospelEMCEE ass e rapper, hip-hopper(kennen den ënnerscheed elo net) . dat kënnt hei elo net eriwwer, mee fläit posten ech nach eng!
et woar esou fckng kal, mäer hun opgehalen wou ech emfong méng fangeren nëmméi konnt beweegen, an mäer ass eng CF-Kaart iergendwéi futtigefuer! ech wees net ob dat mat der keelt ze din huet! jiddefalls huet se sech vum selwern deformatéiert!(fläit wees jo ee bescheed) ech hoffen jiddefalls dass et net einfach "domm gangen" ass, mee dass et ee gudde grond hat! fläit kan mer jo een en tipp gin!

@Garry: du hues jo och vill fotoen am schnéi gemach. a mat der selwechter kamera wéi ech!: ass däer dat ni firkomm????
Johny 06.03.2006 - 01:49
Also mir gefällt d'Foto, zemols wéinst der schéin propperer Schärft an der Jackett déi vun der Faarf hier ganz gudd bei säin Häuttoun passt. Ob daat lo express sou gemaach ass wees ech net.

Mat der Cf Kaart do mengs de wuel eischter formatéiert, oder? Deformatéiert hun ech selwer sou na nie gelies an theoretesch misst daat jo eng Formatéirung reckgängech maachen mee daat geet net (Formatéiren -> ganz läschen)

D'Lydie haat souee Fall mat enger SD Kaart zu Paräis, do haat d'Kaart herno suguer en aanert Filesystem agestallt, ob daat deemols do un der Keelt geléen huet, wees ech net.
MarcGerard 06.03.2006 - 02:04
ok, ech gin et zou: dat wuert"deformatéiert" hun ech erfond smile
wat den apparat mer sot woar"karte nicht formatiert" (matzen am foto-machen!!)
en huet nach ee bild geschriwwen, an dann huet en ee warnsignal ofgin:"schreibfehler"
an nodeems ech engkéier un- an ausgemach hun:"karte nicht formatiert"
ech hun se elo méngem brudder gin, theoretesch sin 't biller jo nach drop (en huet se jo net geläscht) hoffe mer dass et klappt! well ech hu fond dass 't fotoen derwäert woaren smile (ech hun am schnéi geblëtz! mega-spannent :-P)
Johny 06.03.2006 - 08:23
Dann ass et wuel dee selwechte Feeler wei beim Lydie, de Filesystem huet geännert. Ob et dann sou einfach ass Daten ze retten wees ech net secher, mee keint meiglech sin.
Focus 06.03.2006 - 09:14
Deen Mann huet eng immens Ausstrahlung fannen ech. Mängt een graat hien hät den inneren Fridden gepacht. Dës Foto strahlt eng immens Geloosenheet an Rou aus. Daat passt immens gudd bei sein Job. "Eyes up!, to the Lord.." // , kéint mir virstellen das wanns du se 1/4 méi heisch cadréiert häss se nach méi uspriechend wir.

Mir gefällt se och sou immens gutt !
MarcGerard 06.03.2006 - 13:25
dat stëmmt!
hee kann sech einfach dohinner stellen a mecht automatesch ee gudd gesiit! mech spass mat him ze schaffen!!!
merci alain!
Ted_Lapidus 06.03.2006 - 17:16
fannen se och gudd...
Joma 19.02.2007 - 19:43
ech ochclosed_eye
MarcGerard 19.02.2007 - 20:48

merci dösch-fan smile
Jury 08.05.2006 - 23:46
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
sanitel 27.06.2006 - 16:29
ech wees amfong net waat un deser foto sou besonneg sollt sin, et sei denn et as daat waat mech sou beandrockt, nämlech wei immens scharf an nahezu perfekt opgeholl dess foto as
also d'details sin immens fannen ech...as et daat?!
MarcGerard 27.06.2006 - 18:31

pfft smile
firt éischt sees de du giffs et net wessen, an dann sees se wier nahezu perfekt opgeholl....
dréck dech w.e.g. bessi méi diplomatesch aus smile

dat gäilt un der foto as de model!

ech sin immens frou mat der foto... wans de dech géint de strech wells stellen kéins de eventuell coh soen wat der net dru gefällt. fläit hu mer hei all eppes wichteges iwwersin well mer geblend woaren smile
thx fir de komment
;-)
sanitel 27.06.2006 - 20:47
ma nee ma nee, ech wollt guernaischt amfong dogeint soen
sry, hun mer selwer eigentlech widdersprachsmile

mee, d'foto selwer huet ansech naischt extraes, also, d'motiv am wantermantel mat landschaft ronderem, amfong eng ganz normal
mee ech wosst eben nidd op eppes aaneschters soll extra sin
ech perseinlech fannen se vum motiv hier lo nidd immens..mee ech fannen se as perfekt opgeholl, richteg professionell, also dass keen eenzege pixel fehlbelichtet as, an dass alles kloer an daitlech as
daat as et mol waat mer direkt positiv opgefall as

versteesde lo waat ech mengen?? ech kann et jo net besser..


sry, war wierklech nidd beis gemengt
jegas 15.05.2008 - 10:27
E genialen Potrait, schéin scharft Bild, flouen Hannergrond, sou sollen Potraitfotoen sin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 711 Gäscht online