Fir esou ee Sujet as d'Héichformat bei wäitem besser. Des Versioun gefällt mer och nach besser well de Schapp am Hannergrond net esou opfällt. Du häss just kënnen e besse méi rof kadréieren an dofir e besse méi Plaatz virun der Bänk kritt a manner Himmel. Mais soss as di Foto ganz flott.
Well ech eng weiss Rumm rondrem d'Foto gemaa hun an keng Plaatz an der Foto fond hun wou de Numm hingepasst hätt ouni eppes aanescht ze verdecken - also hun ech en sou hallef an d'Rumm gesaat
mir gefällt des foto och besser. du häss demno wei vleischt nach kinnten e bessen mei no riets cadreiren well de baam sust sou knapps nit ofgeschniden ass. mee trotzdem ganz schein foto,virun allem winst de fuarwen!
Jo stemmt, ass mer och well opgefall ... leider réicht wéi ech d'Foto well bis um Pc haat. Falls et iergentwann sollt ophaalen mat schneien an den Himmel nach eng Kéier sou schéin blo ass gin ech d'Foto neimaan
Ech géif et gudd fannen wann se bessen mei no riets kadréiert wir, sudass de Baam net direkt riets widder ass am fong. An wei scho gesoot gouf uewen vläicht bessen oofschneiden
Jops, wei den Johny seet setéiert mech och e bessen dei saach mam Baam riets. Ansonsten gefällt mir des Versioun och besser. Himmel ass vlaischt e bessen zevill.