Well die 1. photo net esou gudd ukomm as... hun fir die hei keen *halo* benotzt... an dann hoffen elo wirklech dass keen seet dass se net scharf as oder net focusséiert....
Kommentaren sin wellkomm
Di heiten Foto fann ech schon besser (--> scharf).
Perseinlech feelen mir just un e puer Retouchen, hun awer gesin dasste bei der Anerer Foto geschriwwen haas, dasste d'Fotoen am Picasa bearbecht, an do kann een naischt retouchéiren.
Mech stéiren eventuell déi waiss Flecken um Hannergrond, an op der Schellerhéischt, do ass sou een Rondel, deen ech awer wechgemaach hätt.
Ofgesin dovun, fannen ech d'Foto awer gudd gelongen, an Cadrage ass och gudd.
Onverschafft ass dëss Foto wesentlech besser.
Du waerts op laang Siicht ower net laanscht Photoshop oder Gimp oder wat och emmer kommen wanns de Fotoen verschaffen wëlls.
Fir op däin halo zereckzekommen den leider näischt gin wor... do get et och nach den "orton-effekt". Mat dem bass de secher besser bedengt fir däin "romantik-touch" eranzekréien an ass net sou schwéier ze realiséieren.
Merci! Muss Mir mol drun gin mam Pshop : kaafen Mir e Buch... Dir hut all recht an ech wees daat dass en photoamateur ouni Photoshop net daat selwecht bréngt... Merci fir den Tipp