Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

BMW M 1

 
All Fotoen an dëser Serie:
4803 Thumbnail
4804 Thumbnail
BMW M 1
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.02.2010
  • Gekuckt:
    33113
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    16.02.2010
  • Fotoapparat:
    D300s
  • Objektiv:
    AF-S Micro Nikkor 105mm f/2.8
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Makro
Extras:
SB-800 (Flash). Weiss DinA3 Blieder. Stativ.

Fir anzesetzen: [pg_img=42869]
Kommentar vum Fotograf:
Weider Versich mat dem Nikkor 105mm eenzeginn. Ech si frou iwwer all Kommentar, am meechten wat Komposition an Focus betrefft.
Merci am Vieraus!
Laurent76 16.02.2010 - 22:31
Wanns te mat engem Still Life Desch schaffs wou den Buedem an den Hannergrond waiss ass get et un sech keen Grond keng grouß Schärftendeift ze hun, zumols an deem heiten fall steiert daat mech enorm daß Schärft iwwert dem ganzen Auto fehlt.
Do get et also nemmen eppes, Blend zou maachen, an zwar eierbar..., f 22 oder esou bei deer BRennweit. Wanns te dann 1 Meter vum Motiv eweg bass fänkt deng Schärft bei 96,5 cm un an geet bis 103,7cm.
An deem Fall beim Bild nr 1 ob Beifahrerdier fokuseieren....
Charel_L 16.02.2010 - 23:10
De Problem ass, dass ech mat Bletz geschafft hunn, an lo wees ech net, wei ech do soll ouni Bletz maan. Mee ech débrouilleire mech e bessen.

Merci awer fier deng Roodschlei!
david 16.02.2010 - 23:16
du kanns jo och mat f/22 nach Bletz benotzen?! An de Bletz muss jo net um Apparat sin... 1 richtegen Kabel (Bletzkabel), bzw eng kleng Bastel, an da misst dat laafen....
Charel_L 16.02.2010 - 23:52
Mee wei wann ech lo mam Bletz schaffen, dann beliicht en just op den leschten Moment fun denen puer sekonnen beliichtung. soll dat sou sinn?
Laurent76 17.02.2010 - 07:54
Den Beliichtungszait soll jo keng 22 Sekonnen sim mee deng Blend solls te bis ob f 1/22 zou maachen, dann kris te mei Schärftendeif waat Blend mei zou ass.
An den Bletz kanns te och bei enger 22 Blend asetzen, daat ennert guer naischt.
Ech mengen du hues den Ennerscheed zweschend Blend an Beliichtungszait nach net esou richteg intus, an waat ennerscheeder zweschend enger zouener an opener Blend sin.
Mee dofir ass jo Photogen do...., kuck emol hei do sin Beispillbiller mat derbai....http://www.photogen.lu/?page=view_tut&id=50
Charel_L 17.02.2010 - 09:36
Dach, dach, ech wees den ennerscheed schon ganz gudd. Ech haat eng Beliichtungszeit fun 2 sekonnen, well ech de Bletz net mat aberechent haat an dann awer mat Bletz d'Fotoen gema. Merci fier den Tipp!
david 17.02.2010 - 10:07
Wanns du mat Bletz fotographéirs (am Studio wou sech neicht bewegt) gin et 2 Méiglechkeeten, entweder benotz du just d'Bletzliicht wat an der Foto soll wirken, dann kanns du deng Zeit op 1/160 /- stellen, oder du benotz Bletz an Emgebungsliicht, an dann hells du eng Laangzeitbeliichtung, domadd kann een dann zB Schieter ophellen. Allerdings jenodem wat een als net-Bletz-Liichtquell huet kann een Problemer mam Weissofgleich kréien.
Bei bewegten Motiver, bzw einfach dobaussen kann een flott Effekter kréien wann een Bletz mat Laangzeit kombinéiert... Do kinnt een lo nach een Buch schreiwen, mee dat lossen ech lo sin, well sou gudd sin ech awer netclosed_eye
Laurent76 17.02.2010 - 11:30
Dein Bletz wirkt ganz kuerz ob Foto, esou emt 1/800-1/1250sec, je no Bletz.
Wanns te also keng gudd allgemeng Lichtquell hues brengen also 2 sec naischt, schon guer net bei engem Table top Desch. Hei schaffs te entweder just mat Bletz oder du hues Luuten dei der erlaaben komplett ouni ze schaffen. Dei 2 Kombineierts te just fir Schieder eweg ze maachen, awer Conditioun ass daß Luuten dei selwecht Grad Kelvin hun...

Waat den David mengt ass folgendes, wanns te zb ob enger Party wou et relativ daischter ass Fotoen vun Leit wells maachen an eviteieren daß et hannert den Gesichter komplett schwarz ass kanns te Bletz an Langzeitbelichtung kombineieren. Roueg och bis eng 1/2 oder 1 sec.
Dann hues te den Effekt daß den Bletz Gesiichter schein hell mecht an dei mei laang Beliichtungszait Luuten an Leit hannendrun liicht weist, et kennt Ambiance mat ob Foto.

Mee zur denger Foto zereck, du hues mat enger 2.8 Blend 2 Sekonnen lang beliicht an daat mat Bletz....
Dann war et awer relativ daischter am Raum an du häs dei selwegt Photo genau selwegt keinten maachen mat 1/160sec.
david 17.02.2010 - 12:41
D'Foto war mat f/8 gemaach gin (steet op enger anerer Platz).
Laurent76 17.02.2010 - 13:01
Jo, daat geet bei 105mm bei enger APS-C Kamera wei D300s net duer fir alles scharf ze hun.
An bei esou engem Motiv wei dem Miniature Auto fannen ech et eben nun emol net schein wann Onschärften derbai sin.....!

An bei enger 8ter Blend brengt et net vill 2 Sekonnen ze beliichten oder et muß een Spot ob den Auto geriicht gin, Emgebungsluucht geet hei wuehl kaum duer...
Charel_L 17.02.2010 - 12:59
Also ech hunn lo nach eng keier nei Fotoen gema. Mat f/22 (an deelwei och f/32, awer nemmen fier ze kucken, wei dat gett) a mat Bletz. Beliichtungszeit ass 1/60s. Den Focus geht mei weit an d'Deift ran, lo, mee d'Qualiteit ass net mei su gutt. Ech wärt se am Laaf fum Dag nach hei als nei Gallerie posten.

Dei doten Fotoen hei sinn mat Bletz, f/8, an 1/160s.

Merci Laurent an David fier är Hellef!
Laurent76 17.02.2010 - 13:08
1/160s mecht schon mei Senn wei 2 Sekonnen, dann hun ech virdrun eppes falsch verstaan, sorry closed_eye
Qualiteit sollt un sech bei zouener Blend net manner gin, am Geigendeel, et get normalerweis besser waats te mei ofblends. An zumols beim 105mm Micro vun Nikon, deen ech mer elo grad bestallt hun virun 5min.
Dann waarden ech awer elo gespaant ob deng Fotoen.

Wei ech gesin hues te och eng D300s, ech hun dei och.
Waat fir een ISO Wert hues te.
Bei der D300s muß te onbedingt Rauschunterdrückung ausmaachen, idem fir Rauschunterdrückung bei heichen ISO Werter an ech mengen et ass och eng drop fir Langzeitbelichtung, alles ob AUS!!!!!!
Wann dann um Computer daat verbesseren well Rauschunterdrückung ob der D300s ass eng Katastroph an fresst der Schärft.
david 17.02.2010 - 13:12
Ahjo... Interessant ze wessen... Ech man dann och mol Tester op der D700...
Den 105 ass herrlech...
Laurent76 17.02.2010 - 13:26
Waat ass interessant ze wessen, daß Qualiteit ofhellt mat zouener Blend?
Kanns du daat dann bestätegen?
Wei gesot hun ech mer elo just een am Fotosgeschäft bestallt well ech un sech nemmen gudds, nee , nemmen excellentes driwwer heieren hun.

Ech hun gesin daß du och den 50mm f1,4 hues. Mat deem hun ech vill Problemer mat der Schärft, meng Biller sin all"schwammech" an nie "richteg" scharf, esou guer bei f1,8 ob 2 Meter entfernung vum motif wou Schärftendeif emt 17 cm sollt leien.....
An wann ech muß bis f2,8 muß ofblenden fir een gudd Resultat ze kreien brauch ech keen f1,4, mee dann kann mein Sigma 24-70 f2.8 et vill besser an ech hun mei brennweiten zur Verfügung.

Du hues do zwar vill eierbart Fotosmaterial, do get een jo schon baal neideg....!
david 17.02.2010 - 14:04
Nee... Interessant ass et dass di Rauschennerdreckungen sollen Problemer man. Usech misst den Kamerakonstrukteur jo am beschten wessen wéi sein Rauschen entsteet an wéi een et am efficassesten ewech kritt (reduzéiert kritt). Während der Opnahm huet d'Kamera jo Zougang op nach aner Daten wi wann d'Foto bis "ferdeg" ass. Dofir sot ech: ech muss mol Tester man wéi gudd/schlecht sech di verschidden "Onboard-Rauschenndreckungs-Features" auswirken.

Den 50mm ass interessant, ech benotzen en haaptsächlech fir Lowlight. Ech sichen do net di lescht Grimmel Schärft, et geet mer bei deem éichter em Liichtstärkt resp. kleng Déiftenschärft.
Mein 24-70mm ass fir "absolut" Schärft wann ech dat well, an deen ass och bei 2.8 resp 3.2 ganz gudd. Ech schaffen méi mat dem wi mam 50mm. Wat mech beim 50mm stéiert ass dass en just bis op 45cm focusséiert. Ech hat dat mol gebraucht fir enk Kadréiert Portraiten ze maachen bei f/1.4, an et huet mech di ganz Zeit genervt dass ech net su no komm sin wi ech usech wollt.
Fazit: 50mm ass fir do wou et wirklech deichter ass, fir de recht huelen ech léiwer den 24-70.
Laurent76 17.02.2010 - 14:14
Ah, majo, dann test daat emol.
Also bei der D300s krit Kamera rauschen eweg, iwwert all Zweifel erhaaben, mee ganz Bild get awer schwammeg sprech schärft ass wutsch.
Esou hat ech zb am Ufank manner Scharf Foto mat der D300s wei mat der D40x...., an daat huet genervt.
An dun hat ech an engem Forum daat mat der Rauschunterdrückung gelies an hun daat dann och probeiert, wonnerbar.
Bei Portrait an bei Menschen steiert mech een liicht Rauschen (wann iwwerhaapt dann höchstens ouni Bletz an mat ISO 1600) manner wei fehlend schärft.
Wanns te am Nef schaffs am 14Bit ass et eh egal weini daß te Rauschen eweg hells....
david 17.02.2010 - 14:26
D300 gin ech prinzipiell net iwer ISO800 an bei der D700 net iwer ISO1600. Ech schaffen meeschtens mat 12bit NEF (di ech dono meeschtens an DNG konvertéieren). Dat ass een gudden Tip fir d'Ennerdreckung aus ze man.

Zum 50mm. Jo effektiv en ass zimmlech weit nach "schwammeg" wis du et ausdrecks, mee dat ass OK fir mech, well do wou ech en brauch geet et net drems di hechsten schärft ze hun. Den 1.4D oder 1.8D ass do vleit besser?... Mee allgemeng bei 1.4 brauch een sech keng superschaarf Fotoen ze erwaarden. Mee wee wees... Vleit gett den 24mm 1.4 an dem Punkt besser, et ass jo op alle fall mol eng aner Preiskategorie.

Mee ech denken lo hu mer genuch offtopic hei gemaach...
Laurent76 17.02.2010 - 14:41
Stemmt...! closed_eye
(D300s kann een am ISO awer ouni weideres bis ISO 1600 goen...)
Charel_L 17.02.2010 - 14:47
Do widerspriechen ech der awer. Ech bemierken schon Rauschen bei ISO 1250.
Merci fier all d'Hellef an Tipps, ech mengen, weider Kommentarer kenn der gleich bei dei mi nei Fotoen machen. smile
david 17.02.2010 - 15:25
Souweit ech wees huet D300 an D300s deen selwechten Sensor. Nikon entweckelt net een neien Sensor fir "d'Opfreschung", dat hätt ech awer matkritt. Et ass jo ganz egal ween wou ophällt. Jiddfreen huet seng Schmerzgrenz.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 636 Gäscht online