Esou weis te Luuten gestallt hues fannen ech wirklech schein, idem fir Model, Kleed an dei ganz Mise en place.
Daat enzegt waat mir manner gefällt ass deen baal ganz daischteren Kenn an Hoerpartie wou een frontal drop geseit, daat steiert mech wei gesot e bessen bei der Photo.
Hei keinnt een evtl een Reflektor ennen lenks hinstellen deen dei Deeler ganz liicht aus dem Schwarz eraushelt, resp e bessen mam Computer nohellefen.
An den Fouß lenks hät ech anescht gesaat, evtl esou daß een en net geseit.
Jein, et soll jo keen Reflekor sin deen Schieder obhiewt mee Schieter mei hell mecht. Schieter sollen ob keen Fall fort, do gin ech der absolut Recht, den ganzen Charm vun der Foto hängt jo dodrun. Den Reflektor soll just ereechen daß een geseit daß am Schwarzen och Hoer sin an daß een en usatz vun der Nues am Schied geseit....
D'Hoer deis te wei gesot frontal geseis an just dei an Kennpartie fannen ech einfach ze donkel (schwarz)
ech verstin
fannen z.b. awer och dass et flott as, vu dass 't gesiit wierklech immens hell -also bal wäiss - as an de schied vum gesiit bal schwarz. also eng kloer trennung vun der nues an dem gesit.
bon, as natiirlech déi berühmten AFD
Daat ass och flott, do sin mir eis TOTAL eenz, och dei Luut deis te uewen rieds ob Hoer gesaat hues fannen ech super, idem fir d'Luut dei vun hannen rieds kennt, daat geseit richteg gudd aus. (Evtl keinnt et dei selwegt sin)
Esou weit sin mir also der selwegter Meenung
Model ass mir just frontal ze daischter, evtl net nemmen ob den Hoer waat ech mei laang kucken mee dei ganz unsiicht ass mir liicht ze daischter. (waat ech Foto mei ob mech wirken loosen waat et mech mei steiert)
Probeier emol via Computer mei hell ze maachen.
Mee wei's te sees, (AFD kennen ech zwar net), wann et dir gefällt hues te dein But ereecht, an ech nerven dech dann och net länger mat menger Usiicht
liichtsetzung ass am fong ganz gudd esou wei se ass marc. par contre fannen ech och dass d hoerpartie fiir en bessen mei luucht verdroen haett, dat haett dein sujet einfach nach en bessen mei herviergehuerwem. seng lenks scheller (vun ons aus riets gesin) haett och nach eng grimmel mei luucht verdroen fir den kierper nozezeechnen. ausserdem gesin ech beim kenn ennen zwee kleng schwaarz strecher... ass daat den schied vum kenn?
ech fannen eng foto muss net perfekt sin, ee mensch ass jo och net perfekt! Eng foto muss 'gefaalen', daat ass daat wichtegst! Mir gefällt dei foto einfach...waat een d'foto mei laang kuckt, waat emmer mei well an d'foto klammen an hatt tréischten an an den aarm huelen!
Ech fannen och dass eng foto soll eng emotioun an engem ausléisen an an mengen Aaen hues de daat wierklech gudd hin kritt!
dat as de schwarzen (oder donkelgroen) hannergrond deen einfach hannen net beliicht gouf. d.h. dat wat de gradient ausmecht as 't luucht op de portrait. déi no hannen einfach manner get.