Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hoppla éé Schoulsall

 
Hoppla éé Schoulsall
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.02.2010
  • Gekuckt:
    35461
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    41
  • Beliichtungszäit:
    keng Idée
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    12 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    552 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Mark2
  • Programm:
    M
  • Objektiv:
    12-24 Sigma
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc
Extras:
Trépied an Gedolt

Fir anzesetzen: [pg_img=42577]
Kommentar vum Fotograf:
xaph32 05.02.2010 - 19:29
schéinen detail an der holzmaserung, hues de do nët e bëssen lensflare an der mëtt (ech muss dech jo lo stëtonguepelen)? den punkt irritéiert mëch e bëssen well main aan direkt drop gelenkt gët
gtaddei1 06.02.2010 - 03:34
Ben ech haat dir dei selwescht remarque geméét , an och ewei du hunn ech et net proper eraus kritt... ech mengen déé contre jour ass schweier ze controlleiren ... keng solutioun fir daat...
xaph32 06.02.2010 - 13:03
dach, wéi Shanti seet, me ech hun déi zait am moment nët...
gtaddei1 06.02.2010 - 13:07
Ech och manner méé bon... an der Nuecht
Shantideva 05.02.2010 - 20:08
D'Zeechnung am Holz ass excellent! Gefällt mir ganz gudd!
gtaddei1 06.02.2010 - 03:36
Merci so... fennste se nett e bessen ze hell? wei ech dem xaph gesoot hunn , ass dé Flare immens schweier eraus ze kreien an et steiert e bessen ... de contrejour ? ass meiglesch mamm HDR méé nett mamm 12-24 méé mamm 16-35 ; donaden hunn dei problemer vill manner
Shantideva 06.02.2010 - 09:32
Et ass e bessi gepiddels, awer et kritt een en Flare och eraus. Do benotzen ech déi Technik déi ech och bei Blooming benotzen. De Faarwstach (hei blo) vum Flare verbesseren ech mam Color Replacement Tool an dann probéieren ech just nach déi Platz e bessi oofzedonklen (meschtens mam Burn).
...ze hell? Hmm, vieleicht Platzenweis, awer daat kennt durch den starken Kontrast. Wanns du oofdonkels gin d'Schieter verluer. An wanns du just déi hell Platzen oofdonkels, färten ech, dann verléiert se un déift an get e bessi flach.
gtaddei1 06.02.2010 - 12:34
Ech wollt daat mat dei selweschter Method maachen dei du proposeiers méé ech woar bestemmt net a OFrme an et ass Bulli dobai erauskomm.
Effectivement, beim ofdonkelen vun just dei Hell dann get et eng platt Foto déi mir nett méi gefallt... Ech muss awer soen dat d' Print Versioun nett schlecht ass.
Jo .. matt Farwen Kontrast ze schaffen nu jéé daat get neischt et ass vun sech aus schon eng "monotone" Ambiance.

n0kle 05.02.2010 - 20:21
yuhuuuu bigsmile haut sin ech mol enkeier den eischten bigsmile tas na kee schw*** do :P

musterung am holz as wierklech exzellent smile
gtaddei1 06.02.2010 - 03:36
thanks .. an de rescht net esou?
n0kle 06.02.2010 - 11:40
an mei enger heischer obleisung hätt ech besser fonnt, well elo net weider vill detailer dran sin (zB hannen kräp fier Jacketten geseit een et besonneg gudd smile )

d'farwen an bleckwenkel fannen ech sin gudd gewielt smile

as amfong nix weider drun auszesetzen smile
gtaddei1 06.02.2010 - 12:47
Wei mei eng heisch opleisung? f9, 21 Mio Pixelen ... dei neischt zielen méé awer e bessen eppes ausmaachen bei dei fein detailer...
Keinst du mir besser deng fro erklaren
n0kle 06.02.2010 - 12:51
mjo, dei foto dei erop gelueden as as 800x533 px, an do mei eng heisch obleiung, fier dass wann een se am grousen kuckt, een namei fierwelzen kann bigsmile
gtaddei1 06.02.2010 - 13:09
ech haat mir daat geduercht dass du daat gemnegt haas mé ech dei klassesch 800 px heisch oder bréét geméét... ... muss deenen 800 k mei noo kommen...
Maimonides 05.02.2010 - 21:17
D'Architektur vun deem Gëbäi faszinéiert. Ass dat klasséiert ? A ween war dën Architekt ? Deng an di aaner Fotoën vun där aaler Uni ënnersträichen dës Architektur, a weisen interessant Détailer: zb e Parquet am Schoulsall !!
Super Foto.
Shantideva 05.02.2010 - 21:31
Hei war et den Fernand Campus, an bei denen aaneren war et den Joseph Moutschen.
Maimonides 05.02.2010 - 22:55
Merci, Shanti.
gtaddei1 06.02.2010 - 03:37
Merci fir deng hellef Shanti... meng aentwert waer nett esou schnell komm...
gtaddei1 06.02.2010 - 03:41
Jo dess Foto ass e bessen ze staark entseckelt méé ech mengen daat al nei Serie brauch Zait bis één versteet ewei een se well maachen... Villeicht e bessen méi douce wàr besser gewiecht. Mé ech mengen daat d'Luucht ze stark woar esuerguer fir één HDR déén awwr d?dynamik net méi ewei 2-3 IL erop setzut vis à vis von enger normaler Foto . De contrjour gett nett verbessert vum HDR wann dess keier d'Luucht ze stark ass... villeicht met engem 16-35 wàr besser gewiecht
Zampano 05.02.2010 - 21:37
wow, super...
gtaddei1 06.02.2010 - 03:42
danke
Miau 05.02.2010 - 21:39
flott Erënnerung hu vergaangen Zäiten, gefällt mir ganz gudd
gtaddei1 06.02.2010 - 03:42
Fir mech war et och esopu wou do erann koum
rivende 05.02.2010 - 22:15
Die Struktur vom Holz finde ich sehr, sehr schön.
Am hinteren Fenster finde ich zu viel Lichteinfall.

Ansonsten schön verarbeitet.
gtaddei1 06.02.2010 - 03:43
Du hast recht ... lies was ioch dem Xaph und shantideva geantwortet habe
suraki 05.02.2010 - 22:57
hërrlech Liicht, a flotte Buerdem ... wéivill Léit sin hei dachdéglech an,
an och ausgangen. Irgendwéi huet dat Gebéi eng besonnech Ausstrahlung.
gtaddei1 06.02.2010 - 03:45
Ben bestemmt vill méé daat ass Holz dé kéé spàrholz ass ... et ass aalen Escheholz dé op manst 10 Joer gedreschent ass an daat hescht wirklech haart. En plus do richtet nach no Wuess mat déém d'Holz gebotzt ginn ass
Mika 06.02.2010 - 01:16
Flott Strukturen, zoliden Cadrage, schéi Luucht - do hues se just a mengen Aan iwwerschärft unhappy
gtaddei1 06.02.2010 - 03:47
Daat ass meiglesch méé dei ass wirklech nett einfach an et ass meiglesch daat ech nach nett esou d'Sensibiliteit hunn fir dess Location ... méé et geet schon besser mat den nàchsten... Ech maachen eng aaner Versioun
Mika 06.02.2010 - 11:24
Ech soen un der Foto hunn ech weider näischt ze meckeren, ma jo, ech giff nach engkeier iwwert d'Verarbechtung um PC kucken closed_eye
gtaddei1 06.02.2010 - 12:35
ok ... wàrd mech applizeieren méé hauptsàchlech mamm flare
m-otiv 06.02.2010 - 01:29
Flott kompo, super linien an dee bueden...herlech... Den Lens flare an der mett géif ech eraus huelen. Bei der kompo froen Ech mech wann een matt enger hdr nach e bessi méi eraus kritt hätt...mä awer super foto schon esou
gtaddei1 06.02.2010 - 03:49
Ert ass eng HDR mnatt 6 expoen ... méé ewei gesoot ech haat meng krampessen mat dem flare an mett der Lucht ... ech muss nach eng keier do ru goen well dir ... ouni exzeptioun daat selwescht soot
m-otiv 06.02.2010 - 09:08
ups...sorry wéinst dem HDR....Ech haat scho baal geduecht smile...wou ech gezweiffelt hun waar um schiet lénks vum schaf, deen awer relativ donkel as mä normaal vu das esou vill luccht era kënnt...vergiess et einfach....d'foto gefällt mir. Wanns Du loscht hues dein HDR prozess ze beschreiwen....Ech fänken emmer matt enger mëtteler blend un (f13) an dann e puer erop an e puer erof, an piddelen fir dass all deel vun der foto perfekt beliicht as...wéi mëss du et?
gtaddei1 06.02.2010 - 12:17
Hoppla d'Blend muss ABSOLUT KONSTANT bleiwen!
Dann keint één en Autobracketing maachen mé am Manuellen gett alles méi Pràzis.
De King vum HDR Prozess ass jo Superbekannt elei am Land (cf Shantideva) ouni déénen aaneren eppes eweschzehuelen méé hien ass déén déén am mééschten Expérienz huet.
De Prozess an sech ass relativ einfach méé waat schweier ass de Prozess de dévelopment.
Waat wichtesch ass ass dass du d'Blend Konstant hàlst an just nemmen d'expo zaiten aennerst...
m-otiv 06.02.2010 - 17:50
ah sou...dofir klappt daat nët...sin ech eng peiff....bon gin mir mol e puer tutorials eran zéien de weekend...merci
gtaddei1 06.02.2010 - 18:55
Tutoriellen gin et an allen Sproochen , ech hunn Bicher dei Schmöckeren sinn ...
suraki 06.02.2010 - 11:41
jo ... ech och !bigsmile
gehéi roueg de Photoshop nach mol un
gtaddei1 06.02.2010 - 12:18
Maachen ech ...méé net direkt de nowend oder Meindesch ... lo schaffen ech nach e bessen
JohnJ 07.02.2010 - 12:21
Fannen se ganz gutt, sie ass mer just e bessi ze Schaarf.... :o))
gtaddei1 07.02.2010 - 19:46
Du huess recct, ech hunn eng Shcarft fir de Web applizeiert an daat waar villeicht e bessen zefill. D'Print Versiounen maachen ech normalerweis esou scharf bis den Digitalen effekt ugeet ... an wann an hie an doo maachen ech och eng versioun mat engem ganz ganz liichten Glow

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 322 Gäscht online