....wollt leschten Weekend den f1.2 AI-S ausprobeiren ...
nujee, dëst ass nit obedingt dat bescht Asatzgebitt fir dëst Objektiv mee egal...
9 eenzel Fotoen zesummengesaat...soss nit vill extraes
den horizont as leider schief, mais de recht fannen ech genial !
ganz flotten pano !
nac eng klengechkeet : t'sonn misst richteg zentreiert sin oder dezentreiert ... esou as se weder nach, adg villeicht !
Mam Horizont sin ech mir net sou secher. Et kennt mir vir wéi wann et riets biergop gief goen. Mat der Sonn gin ech dir awer recht an denken dass se "vieleicht" nach méi flott gief wierken wann een einfach riets mol bis un déi deck Wollek ewegschneid, also hei ongeféier 2 cm. Awer, am groussen ganzen fannen ech et een ganz gelongenen Pano.
heiernsdo kann et besser wierken se schief ze kadreieren wann sou eng pente as, hun daat och schon gemach an wann keen unhaltspunkt do as fällt dat net op .. !
hihihi! Dann muss een awer oppassen dass d'Poteauen an d'Beem net härno kromm do stin. Hei gief awer een Crop, wéis du en virschléits der Foto net vill wéih doen, well déi Deeler déi dodurch eweg faalen souwiesou wéineg Informatioun hun. Et ass een Versuch wärt.
Merci ...fir den Kommentar
mee et ass sou wei den Shantideva seet, d Feld riets am Bild steigt liicht un. Ech hat dem Fotoapparat extra genau nom Horizont ausgeriicht iwer den digitalen Horizont vun der Kamera den en kann ablenden (dat dengen huet iergendeng Art Neigungsmiesser) wëll ech dëst Bild aus eenzelnen Opnahmen zesummengesaat hun an wollt sëcher gin dat se herno openeen passen....
hat leider keen Stativ derbei