Eng scho baal ee Joer aal Foto dei ech beim raume fonnt hun an probeiert hun daat Bescht draus ze maachen... am Fong hat ech se als langweileg empfond... mee lo fannen ech huet se aawer eppes... wier frouh iwwert aer Meenung :-)
Langweileg ? Vum Standponkt vun enger Action-Foto hier, wier se dat, wëll eben näischt geschitt. Awer a Saachen Dokumentatioun ass dat awer nët méi de Fall. Si explizéiert sëch selwer = z.B. vu wou d'Luut an deen däischtere Gromperekeller do kënnt. Duerno huet se diagonal 2 Schwéierpunkten, déi d'Bild ganz korrekt opfëllen an als Läscht muss ech soen, datt do guer keen doudegen Espace ze gesin ass, wat heescht, datt d'Foto duerch an duerch korrekt ass. An déi herrlech appetitlech (ech iwwerdreiwe jo ni) Schimmelpilzer suergen fir eng ofwiesslungsräich Tapisserei.
= Eng ganz gutt Foto ! ****